Däitschen, Fransous an Italiener éischt EU-Astronauten op Mound-Missioun
© AFP
Bei der geplangter Mound-Missioun vun der Nasa soll en däitschen Astronaut dobäi sinn.
Den ESA-Chef Josef Aschbacher huet sech donieft och fir ESA-Astronaute mat franséischer an italieenescher Nationalitéit decidéiert.
"Ech hunn decidéiert, dass déi éischt Europäer, déi op eng Mound-Missioun fléie wäerten, ESA-Astronaute mat der däitscher, franséischer an italieenescher Nationalitéit wäerte sinn", sou den ESA-Chef en Donneschdeg bei enger Reunioun vun der Europäescher Weltraumorganisatioun zu Bremen. Déi éischt Persoun u Bord wäert deemno en Däitsche sinn. Nimm goufen elo nach keng genannt.
"No iwwer 50 Joer ass et och wierklech un der Zäit, dass mir dem Mound méi no kommen", sot déi däitsch Fuerschungsministesch Dorothee Bär (CSU), "an do ass et groussaarteg, dass elo endlech Europäer a virun allem och en Däitschen dobäi wäert sinn."
Als méiglech Kandidate gëllen d'Astronauten Alexander Gerst a Matthias Maurer, déi schonn op Missiounen op der Internationaler Raumstatioun ISS absolvéiert hunn.
D'USA striewe bis spéitstens 2029 déi éischt bemannte Moundmissioun zanter iwwer 50 Joer un. Deemools waren d'USA mat hirer Apollo-Missioun tëscht 1969 an 1972 am Ganzen aacht Mol um Mound gelant. Déi éischt Preparatiounsmissioun vum neie Mound-Programm Artemis war no sëllege Retarden Enn 2022. Bei Artemis 1 huet eng onbemannten Orion-Kapael de Mound ëmkreest.
Déi éischt bemannte Missioun Artemis 2 soll mat enger Ekipp aus 4 Leit ronderëm de Mound fléien. Mat Artemis 3 sollen um Enn dann och nees Mënschen um Mound landen. Dës Missioun war u sech fir 2007 geplangt. No sëllege Panne bei der Raumfaartentreprise SpaceX, der Firma vum Tech-Milliardär Elon Musk, hat d'Nasa am Oktober decidéiert, d'Artemis-Missioun nei auszeschreiwen.
Bei der Reunioun vum Ministerrot zu Bremen hunn d'Memberstaate vun der ESA och de Budget fir déi nächst Joren decidéiert. Däitschland stellt d'Rekordzomm vu 5,4 Milliarden Euro aus dem Staatsbudget zur Verfügung. Den däitsche Bäitrag geet domat ëm 30 Prozent an d'Luucht. Am Ganze krut d'ESA dem Aschbacher no ronn 22,1 Milliarden Euro zougesot, gutt 5 Milliarden Euro méi wéi 2022 bei der Reunioun zu Paräis zesummekomm waren. Do waren et 16,9 Milliarden Euro.