Trump confirméiert Doud vun Nationalgardistin a wëll Immigratiounen iwwerpréiwen
© AFP
Den Donald Trump huet en Donneschdeg den Owend den Doud vun der Nationalgardistin confirméiert, déi zu Washington ugeschoss gi war.
Dat zweet Affer wär weider a Liewensgefor. De presuméierten Täter ass e Mann, deen 2021 aus dem Afghanistan an d’USA koum. Hie soll mat senger Fra a warscheinlech 5 Kanner un der Westküst gelieft hunn a mam Auto queesch duerch d’Land an d’Haaptstad gefuer sinn, fir do mat engem Revolver op d’Zaldote vun der Nationalgard ze schéissen. Am Afghanistan soll hie mam CIA an aneren US-Regierungsplazen zesumme geschafft hunn.
Wéinst dësem Virfall wëll den Donald Trump d'Immigratioun aus den "Drëttweltlänner" aussetzen. Hien notzt d’Schëss op d’Nationalgardiste fir méi eng streng Auslännerpolitik. Déi nei Annonce vun en Donneschdeg ass nach méi streng, wéi dat wat virdrun ugekënnegt gouf. Do sollten all Persounen aus dem Afghanistan iwwerpréift ginn, déi ënnert dem Biden an d’Land komm sinn. An och aner Mënschen aus "problematesche" Länner, wéi et heescht.