En Donneschdeg ass eng Gesetzpropositioun géint den Avis vun der Regierung gestëmmt ginn.

D’Proposition de loi koum vun der Partei "La France insoumise". Et ass ganz onsécher wéi eng Zukunft dës Propositioun huet. Den Text muss och am Senat ugeholl ginn, wou et eng aner Majoritéit gëtt.

D’Lénksfraktioun an der Assemblée nationale gesäit eng Verstaatlechung vun der franséischer Filière vun ArcelorMittal als eenzeg Méiglechkeet, fir d’Stolindustrie a 15.000 Aarbechtsplazen a Frankräich ze retten.