Putin prett fir Verhandlungen, stellt awer kloer Fuerderungen
© Photo by ALEXANDER KAZAKOV / POOL / AFP
De russesche President Putin gëtt sech offiziell gespréichsbereet wat Friddensverhandlungen ugeet, mä bleift awer haart an der Saach.
Wann d’Ukrain déi Gebidder net opgëtt, déi Russland gären hätt, da geet de Krich weider, sou de Wuertlaut aus Moskau. Kiew weist déi Fuerderungen awer zréck. Russland kontrolléiert aktuell ee Fënneftel vum ukraineschen Territoire. D’Verhandlungen iwwer e Friddensplang sollen awer weider goen. Den ukrainesche President Selenskyj huet e wichtegt Treffen d’nächst Woch ugedeit, eventuell mam US-President Donald Trump.
De Wladimir Putin ass iwwerdeems, eegenen Aussoen no, prett, fir schrëftlech ze versécheren, datt hien Europa net ugräife wäert. Et wär eng Ligen a "komplette Blödsinn" ze behaapten, datt Russland wéilt Europa iwwerfalen, sou de Putin. Dat kéint ee gäre schrëftlech festhalen.