Um Dënschdeg koum d'Cannabis E-Zigarette op de Marché. De selwechten Dag huet d'Gesondheetsministesch annoncéiert, dës Zigarette verbidden ze wëllen.

D'E-Zigarette mat Cannabis ass en Dënschdeg bei eise franséischen Noperen lancéiert ginn.

Am selwechte Moment huet sech d'Gesondheetsministesch Marisol Touraine géint d'Verkafe vun de Cannabis E-Zigaretten opposéiert. "Je suis opposée à ce qu'un tel produit puiss être commercialisé en France" sot si bei de Kollegen vun RTL Frankräich.

Fir si wier et keen Ënnerscheed zu dem direkte Cannabiskonsum an dowéinst wéilt si och d'Gericht domadder befaassen, fir dëse Produit am Land ze verbidden.