Am Departement vun de PassagéierfligerenBoeing sträicht fënnef Prozent vun den Aarbechtsplazen

AFP, iwwersat vun RTL
Doduerch datt d'Produktioun sech manner séier entwéckelt huet, wéi erwaart, wier et bei Boeing zu enger "Iwwerbesetzung" komm.
Der US-Flugzeugbauer Boeing streicht im Bereich Passagierflugzeuge rund fünf Prozent der Stellen. Der Konzern begründete dies am Montag mit einer weniger schnellen Produktionsausweitung als zunächst geplant.
Den US-Fligerconstructeur sträicht Aarbechtsplazen.
© AFP/Archiv

Den US-Fligerconstructeur Boeing sträicht am Beräich vun de Passagéierfligere ronn fënnef Prozent vun den Aarbechtsplazen. Grond dofir wier, datt sech d'Produktioun manner séier entwéckelt huet wéi geplangt. "D'Upassung vun eise Produktiounspläng an d'Verréngerung vun der Unzuel u Fligere féieren zu enger Iwwerbesetzung", huet d'Entreprise e Méindeg erkläert.

D'Aarbechtsplaze sollen deelweis duerch Entloossungen an deels doduerch, datt Mataarbechter fräiwëlleg ginn, ofgebaut ginn, wéi d'Cheffin vum ziville Fligerberäich, d'Stephanie Pope, erkläert. Doduerch, datt d'Produktioun sech manner séier erhéicht huet, sollen d'Boeing-Wierker an d'Partner an der Liwwerkette méi Zäit fir d'Upassung kréien.

Am Beräich vun de Passagéierfligeren hu fir d'lescht ronn 51.000 Leit bei Boeing geschafft. Am Ganze schaffe ronn 182.000 Leit fir Boeing.

Enn Oktober hat de Boeing-Chef Kelly Ortberg matgedeelt, datt d'Entreprise hiert Produktiounszil vun 52 Maschinne vum Typ 737 MAX pro Mount eréischt am zweeten Hallefjoer 2027 erreeche kann. Beim 787 Dreamliner ass d'Produktiounsquot aktuell bei aacht Maschinnen de Mount agefruer, amplaz vun den erwaarten zéng. Zu de Grënn zielen Deeler, déi feelen an Zouloossungen, déi méi laang gebraucht hunn.

Back to Top
CIM LOGO