Mat der Campagne: "Breet Schëlleren – selwecht Obligatiounen – selwecht Rechter" fuerdert d'Fédération des Artisans eng besser sozial Ofsécherung fir Independanten. Wou fale si bei Krankheet oder Chômage nach ëmmer duerch d'Netz? A firwat léisst eng ëmfaassend Reform esou laang op sech waarden? Doriwwer schwätze mer e Méindeg de Moie mat der Vizepresidentin vun der Handwierkerfederatioun. D'Alexa Ballmann ass eis Invitée vun der Redaktioun, direkt no den Noriichten um 8 Auer.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.