
An der Tierkei sinn de bekannte Buergermeeschter Erdal Besikcioglu a weider Oppositioneller festgeholl ginn. Dem Buergermeeschter vun Etimesgut, engem Viruert vun der Haaptstad Ankara, wéi 42 Kommunalbeamten an 13 Firmecheffe gëtt d'"Bildung vun enger krimineller Vereenegung, Verontreie vun ëffentleche Gelder a Korruptioun" reprochéiert, sou de Parquet um Donneschdeg. D'Reprochë sinn änlech zu deene vum inhaftéierten Istanbuler Buergermeeschter Ekrem Imamoglu.
Den Erdal Besikcioglu ass e fréiere Schauspiller a gouf virun alem duerch seng Roll als rebellesche Kriminalkommissär an der Tëlee-Serie "Behzat C." bekannt. 2024 war hie fir d'Oppositiounspartei CH zum Buergermeeschter gewielt ginn.
Déi tierkesch Autoritéite waren en Donneschdeg an enger "gläichzäiteger Operatioun" an néng Provënze ronderëm Ankara géint déi concernéierte Persoune virgaangen. D'Enquête géing op presuméiert Onreegelméissegkeete bei der Ausstellung vun ëffentlechen Opträg zeréckgoen, sou de Parquet.
Schonn e Mëttwoch war och d'CHP-Politikerin Sinem Dedetas festgeholl ginn. Si ass Buergermeeschtesch vum Istanbuler Bezierk Uskudar. Hir ginn "Onreegelméissegkeete beim Ausstelle vu Baugeneemegunge" reprochéiert.
Bei de Kommunalwalen 2024 hat déi sozialdemokratesch CHP géint déi islamesch-konservativ AKP vum President Erdogan gewonnen. Zanterhier steet d'Oppositiounsparte ëmmer nees am Viséier vun der tierkescher Justiz. De gréisste Rival vum Erdogan, den Imamoglu vun der CHP sëtzt wéinst Korruptiounsreprochen zanter iwwer engem Joer am Prisong. Nieft him si weider Dosende Buergermeeschtere vun der Oppositioun am Prisong.
E Geriicht zu Ankara huet am Mee och d'CHP-Féierung ofgesat. De Parteichef Özgür Özel huet doropshin déi lescht Woch eng nei Partei, Yeni Parti, gegrënnt. Déi grouss Majoritéit vun CHP-Deputéierten am tierkesche Parlament huet sech him ugeschloss.