Griichesch InselEng 8.000 Leit op Kreta wéinst Bëschbränn evakuéiert

RTL Lëtzebuerg
AFP
Op der griichescher Insel Kreta sinn Dausende Leit wéinst engem Bëschbrand evakuéiert ginn.
This picture shows a burnt area during a wildfire, south of Rethymno in the Greek island of Crete on July 29, 2026.
D'Feier e Mëttwoch südlech vu Rethymno op Kreta.
© AFP

Ronn 8.000 Leit wieren e Mëttwoch den Owend a Sécherheet bruecht ginn, sot eng Vertriederin vun de lokalen Autoritéiten en Donneschdeg vis-à-vis vun der Chaîne ERT.

De Bëschbrand gëtt duerch staarke Wand virugedriwwen a menacéiert eng beléifte Vakanzeplaz. Zwee Pompjeeë si scho gestuerwen. Et geet een dervun aus, datt d'Feier och Haiser a landwirtschaftlech Gebaier zerstéiert huet an datt Notzdéieren ëmkomm sinn. Eng Bilanz gëtt et hei awer nach net.

Eis Redaktiounskolleegin Michèle Sinner ass den Ament op Kreta an der Vakanz a war e Mëttwoch op engem Ausfluch, wéi d'Feier ausgebrach ass. Zréck an den Hotel koume se dunn net méi. Den Hotel selwer ass bis elo vum Feier verschount bliwwen, ma ronderëm wier a kuerzer Zäit scho vill, duerch de staarke Wand, verbrannt.

Lëtzebuerger wéinst Bëschbränn op Kreta evakuéiert
Eis Journalistin Michèle Sinner koum no engem Ausfluch net méi zréck an hiren Hotel. Si erzielt, wéi si d'Evakuatioun erlieft huet.

Back to Top
CIM LOGO