Fir Sécherheet ze garantéierenSpuenien wäert wéinst Undrang vu Flüchtlingen Zaldoten an d'Exklav Ceuta schécken

RTL mat AFP
Déi spuenesch Regierung huet op d'Ufro vun den Autoritéite vun der Hallefinsel Ceuta reagéiert.
This video frame grab obtained from an AFP video shows migrants reaching the shore of Spanish north African exclave of Ceuta, after swimming around the border fence between Morocco and Spain, in Ceuta on July 30, 2026.
Screenshot vun engem Video, deen d'AFP krut, dee weist, wéi Migranten den 30. Juli op de spueneschen Terrain vu Ceuta andréngen, nodeem si laanscht de Grenzdrot tëscht Ceuta a Marokko geschwomme sinn.
© AFP

Déi spuenesch Regierung wäert Zaldoten an d'Exklav Ceuta, déi am Norde vun Afrika läit, schécken, fir fir Sécherheet am klenge spueneschen Territoire ze suergen. D'Stad Ceuta mat sengen 83.000 Awunner läit um Bord vun der Strooss vu Gibraltar. D'Hallefinsel grenzt vun deene Säiten, wou kee Mier ass, u Marokko. Vun do aus sinn dann och en Donneschdeg Honnerte Migranten op de spueneschen Territoire agedrongen an dat obwuel d'Grenz u sech schwéier bewaacht gëtt.

"Truppe vun der Arméi wäerten d'Gendaarme vun der Guardia Civil verstäerken", heescht et aus dem spueneschen Inneministère. Hir Aufgab ass et, fir Sécherheet an der Stad Ceuta ze suergen. Virdrun haten déi lokal Autoritéite vu Ceuta bei der spuenescher Regierung ëm Hëllef gefrot.

De spueneschen Autoritéiten no sinn néng Migranten ëm d'Liewe komm, wéi si probéiert hunn, vu Marokko aus an d'Exklav Ceuta ze kommen. Vill vun de Leit, déi op de spueneschen Terrain wollte kommen, sinn duerch d'Mier laanscht de Grenzzonk geschwommen.

Den italieeneschen Ausseminister Antonio Trajani huet dann och an de soziale Medie matgedeelt, datt hien dofir wier, fir Spuenien wéinst der Situatioun op Ceuta aus dem Schengen-Raum ausschléissen ze loossen. "Ech sinn dofir, datt de Schengen-Raum mat Spuenien zougemaach gëtt", schreift hien op X. "Irregulär an net kontrolléiert Migratioun stellt eng Gefor fir déi national Sécherheet duer."

Back to Top
CIM LOGO