BrooklynAppartementshaus zu New York an de Koup gefall - zwee Doudeger a 17 Blesséierter

AFP, iwwersat vun RTL
Dat dräi Stäck héicht Gebai war an der Géigend vun engem Chantier an de Koup gefall. D'Ursaach ass nach onkloer.
Beim Einsturz eines Wohnhauses in New York sind nach Behördenangaben zwei Menschen ums Leben gekommen. 17 weitere Menschen seien bei dem Unglück im Stadtviertel Flatbush in Brooklyn verletzt worden, sagte eine Feuerwehr-Vertreterin.
Den Autoritéiten no si beim Ongléck zwee Leit ëm d'Liewe komm.
© AFP

Zwee Leit sinn ëm d'Liewe komm, wou zu New York een Appartementshaus an de Koup gefall ass. 17 weider Leit goufe beim Ongléck am Staddeel Flatbush zu Brooklyn blesséiert, heescht et vun de Pompjeeën.

D'Gebai ass an ee Gruef gefall, wouduerch eng Rei Leit an den Trümmer agespaart goufen. Iwwer Stonnen hunn d'Pompjeeën dru geschafft, si ze befreien. Dobäi koumen och Dronen, Sichhënn a Motorseeën an den Asaz. Op Biller vun der Plaz war ze gesinn, wéi d'Pompjeeë sech duerch d'Trümmer gekämpft hunn. Et war d'Wunngebai ze gesinn, bei deem d'Maueren an de Koup gefall waren. An den Opname waren och eng Schlofkummer an ee Kleederschaf ze gesinn.

"Mir wëssen net, wéi vill Mënschen nach am Onglécksberäich sinn", huet et vun enger Pompjeesvertriederin op der Plaz zu Flatbush geheescht. Ënnert de Blesséierte waren hiren Donnéeën no och siwe Kanner. Véier Mënsche goufe liewensgeféierlech blesséiert. De Pompjeeë géif nach ee "laangen Asaz" bevirstoen.

Méi wéi 250 Pompjeeën a Secouriste waren op der Plaz, huet et vun de Pompjeeë vun New York op X geheescht. D'Ursaach gëtt nach ënnersicht.

Den New Yorker Buergermeeschter Zohran Mamdani huet de Secouristen op der Plaz Merci fir hiren Asaz gesot. Et géif op der Onglécksplaz "instabil Trümmer ginn, déi ee virsiichtegt Virgoen erfuerderen, an och geféierlech Lächer ënnert der Uewerfläch", sot hien op enger Pressekonferenz.

Déi lokal Autoritéiten deele mat, datt hir Inspekteren op der Plaz wieren, fir bei de "Rettungsaarbechten ze hëllefen an déi baulech Stabilitéit vun de Gebaier an der Géidgen ze iwwerpréiwen." Den Autoritéiten no hunn Aarbechter zu dem Moment, wou d'Gebai an de Koup gefall ass, grad Buedem ausgegruewen.

Back to Top
CIM LOGO