
No hirer Vermëttlermissioun zu Abu Dhabi sinn d'US-Vermëttler Steve Witkoff an Jared Kushner en Donneschdeg de Moien an der russescher Haaptstad Moskau ukomm. "De Sonderbeoptragten vum russesche President, de Kirill Dmitrijew, huet d'US-Vertrieder Jared Kushner a Steve Witkoff um Flughafe vu Moskau-Wnukowo empfaangen", huet d'Noriichtenagence Interfax. Zu Moskau wëlle si mam President Putin zesummentreffen.
Zu Abu Dhabi an de Vereenten Arabeschen Emirater haten d'Delegatiounen aus Russland an der Ukrain ënner US-Vermëttlung fir d'éischte Kéier iwwer Weeër geschwat, wéi de Krich kéint op en Enn bruecht ginn. Bei de Verhandlunge gouf ee grousse Gefaangenenaustausch vereenbaart, ma ofgesinn dovu gouf et keng gräifbar Resultater. Déi Bedeelegt hunn awer erkläert, hir Gespréicher weiderféieren ze wëllen.
De Kushner hat duerno annoncéiert, zesumme mam Witkoff zu Moskau de Putin treffen ze wëllen, fir "Bilanz zu de Punkten ze zéien, déi zu Abu Dhabi beschwat goufen." Dobäi géifen d'US-Vermëttler probéieren, "weider Fortschrëtter" ze erzilen. Thema dierft och d'Abezéie vun Europa an d'Verhandlungsprozesser Theema ginn, wat Russland awer net wëll. Duerno wëllen déi zwee Emissären op Dublin weiderreesen, fir do mat dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj beieneen ze kommen. De Selenskyj ass do op engem Sommet vun der Europäescher Politescher Gemeinschaft derbäi.
Iwwer 45 europäesch Staats- a Regierungscheffe kommen zu Dublin beieneen, fir iwwert den Ukrain-Krich an d'Sécherheet vun Europa ze schwätzen. Um Bord vum Sommet vun der Europäescher Politescher Gemeinschaft (EPG) an der gesi sech wéi gesot och d'US-Emissäre mam ukrainesche President.
Nieft den Ukrain-Gespréicher geet et zu Dublin och ëm weider finanziell Ënnerstëtzung fir Kiew. D'EU schätzt den zousätzleche Bedarf fir 2027 an op ronn 70 Milliarden Euro. Méi wéi d'Hallschent dovunner solle mat engem neien EU-Prêt gedeckt ginn. Fir de Rescht wënsche sech d'Memberlänner Zousoe vun anere Partner wéi Groussbritannien, Kanada a Japan.