WarschauEng 250.000 Leit ware beim nationalistesche Marsch matgaangen

RTL mat AFP
Um polneschen Nationalfeierdag hate sech vill Leit zu Warschau getraff, fir un engem nationalistesche Marsch duerch d'Stad deelzehuelen.
Wärend d'Autoritéite vu ronn 250.000 Participante schwätzen, schätzen d'Organisateuren, datt eng 500.000 Leit zu Warschau um Ononfhängegkeetsmarsch deelgeholl hunn.
Wärend d'Autoritéite vu ronn 250.000 Participante schwätzen, schätzen d'Organisateuren, datt eng 500.000 Leit zu Warschau um Ononfhängegkeetsmarsch deelgeholl hunn.
© MLADEN ANTONOV/AFP

Ronn 250.000 Leit hunn e Mëttwoch zu Warschau un engem vun den Nationalisten a Rietsextremen organiséierten Onofhängegkeetsmarsch deelgeholl. Dat huet d'Verwaltung vun der polnescher Haaptstad matgedeelt. D'Organisateure vun der Demonstratioun hu vun iwwer enger hallwer Millioun Mënsche geschwat. D'Demonstratioun um polneschen Nationalfeierdag war e puer Deeg no der déidlecher Attack mat Schosswaffen zu Krakau an am Schied vum Muechtkampf ëm d'Verfassungsgeriicht ënner héchste Sécherheetsvirkéierunge organiséiert ginn.

Tëscht Patriotismus a Rietsextremismus

Fir de Marsch anzelauden, war déi polnesch Nationalhymne gespillt ginn, wärend iwwerall an der Mass vu Leit Bengaloen ugefaange goufen. Bei den Temperaturen ëm déi dräi Grad hate vill Participante polnesch Fändelen dobäi a waren an den Nationalfaarwe Rout a Wäiss gekleet.

Virum Kulturpalast zu Warschau ware Stänn an Zelter opgeriicht ginn, déi sougenannt "Ononfhängegkeetsstad". Do goufe Rousekränz, Gebietsbicher, rout-wäiss Kränz, waarmen Téi a Sauerkraut verdeelt. Et waren awer och Bicher dobäi, déi antisemittesch oder géint d'Ukrain geriicht waren. Och vill rietsextreem Symboler waren hei ze fannen.

"Ech si Pol an dat zanter méi Generatiounen", sot en 52 Joer ale Mann der AFP. Hie wier op d'Marsch komm, fir säi "Patriotismus ze weisen". Op Plakater stounge Parole wéi "Make Europa white again" (Maacht Europa nees wäiss), "Polen ass net ze verkafen" oder "Remigratioun, Deportatioun". "Dëse Marsch ass och e Protest géint déi, déi eis regéieren", sot en 28 Joer alen Informatiker der Press. Eng 42 Joer al Fra huet dann den Austrëtt vu Polen aus der EU gefuerdert.

Zanter 2011 organiséieren Rietsextremer dëse Marsch. Si wëlle mat der Demonstratioun dorun erënneren, datt Polen den 11. November 1918 no 128 Joer an deene si a Russland, Preisen an Éisträich opgedeelt waren, nees onofhängeg goufen.

Och de Staatspresident Karol Nawrocki ass bei der Marsch matgaangen an hat e polnesche Fändel am Grapp. De Ministerpresident Donald Tust hat annoncéiert, datt hien net géif deelhuelen. Um Nationalfeierdag huet hien zur Eenegkeet opgeruff. "Den 11. November sinn all d'Häerzer wäiss a rout". Den Naworcki fuerdert e "staarken an handlungsfäege Staat" an huet "d'Elitten" kritiséiert, déi géint de Wëlle vum Vollek handelen.

Bengaloen a Fakele ware beim Marsch duerch Warschau an den Asaz komm.
Bengaloen a Fakele ware beim Marsch duerch Warschau an den Asaz komm.
© SERGEI GAPON/AFP

Regierung vs Oppositioun: Sträit ëm d'Verfassungsgeriicht

Hannergrond heivir ass e Sträit ëm d'Verfassungsgeriicht a Polen, deem seng Legitimitéit ugezweiwelt gëtt. Grond dofir si verschidde ëmstridde Riichter, déi vun de fréieren rietsnationalistesche Regierunge genannt goufen. Dem Tusk seng pro-europäesch Regierung wëll en aus hirer Siicht politesch motivéiert Agrëffer an d'Justiz dës korrigéieren. Déi rietsnationalistesch Oppositioun, där de Staatschef Nawrock politesch nosteet, wërft der Regierung dogéint vir, selwer géint d'Verfassungsuerdnung ze verstoussen.

Enn Oktober hat d'Police den Zougang zum Geriicht blockéiert. Eng Riichterin, déi vun der aktueller Majoritéit genannt gi war, hat annoncéiert, datt si virleefeg d'Leedung géif iwwerhuelen an huet den aktuelle President vum Geriicht suspendéiert. Dëse gehéiert awer zum Lager vum Nawrocki. Déi riets Partei vun engem "Coup d'État" geschwat an hir Supporter protestéieren zanter Woche virun dem Gebai.

D'Autoritéite fäerte virun dësem Hannergrond, datt d'Participante vum Onofhängegkeetsmarsch déi autoriséiert Streck kéinte verloossen a virun Geriicht géife zéien. D'Organisateuren hunn esou Pläng awer zeréckgewisen. Och dowéinst huet d'Police e Verbuet ausgeschwat, fir Waffe beim Protestmarsch dobäi ze hunn. Weider goufe Stroossespären opgestallt an aacht Leit goufe verhaft, well dës am Virfeld vun der Demonstratioun bedreelech Informatioune verbreet haten.

Et blouf roueg ëm de Marsch

Gréisser Tëschefäll hätt et, wann ee vun de Bengaloen emol ofgesäit, awer keng ginn, esou de Buergermeeschter vu Warschau. An de Jore virdru war et ëmmer nees zu Zesummestéiss mat Polizisten a Géigendemonstrante komm.

D'Sécherheetsautoritéite ware no der Attack zu Krakau leschte Samschdeg alarméiert. Do hat e 24 Joer ale Mann sechs Mënschen erschoss a 15 weiderer blesséiert, nodeem hie virdru seng Elteren a seng Schwëster ëmbruecht hat. Hie war e Méindeg un de Suitte vu senge Blessuren, no engem Schosswiessel mat der Police, am Spidol gestuerwen.

Dem Justizminister Waldemar Zurek no hat den Täter sech fir den norweegesche Rietsextreme Anders Behring Breivik, deen 2011 am ganze 77 Leit ëmbruecht hat, interesséiert.

Back to Top
CIM LOGO