Ze vill Leit hätte Ceuta wéilten erreechenMarokko weist Verantwortung fir Massenundrang vu Migranten zréck

AFP, iwwersat vun RTL
Ze vill Migranten hätte wéilten op Ceuta kommen, esou datt déi marokkanesch Sécherheetsleit "op engem bestëmmte Punkt" de Leit net méi hätten entgéinttriede kënnen.
Marokko hat eine Verantwortung für die Massenankunft von Migranten in der spanischen Exklave Ceuta zurückgewiesen. Ein Regierungsvertreter bestritt, dass die marokkanischen Grenzkontrollen unzulänglich gewesen seien.
Marokko weist eng Responsabilitéit fir de Massenundrang vu Migranten zu Ceuta zréck.
© AFP

Marokko huet eng Responsabilitéit fir de Massenundrang vu Migranten an der spuenescher Exklav Ceuta d'lescht Woch zréckgewisen. En héichrangege Vertrieder vun der Regierung zu Rabat huet e Méindeg den Owend dementéiert, datt déi marokkanesch Grenzkontrollen net duer gaange wieren.

Villméi wier d'Zuel vun de Migranten, déi an d'Exklav era wollten, därmoosse staark gewuess, datt déi marokkanesch Sécherheetsleit "op engem bestëmmte Punkt" de Leit net méi hätten entgéinttriede kënnen. "Et ass ze einfach ze soen, datt déi marokkanesch Sécherheetsleit einfach hätte Gewalt asetze kënnen, fir si ze stoppen", esou de Regierungsmataarbechter.

"Et ass net eleng d'Responsabilitéit vu Marokko, dee Problem an de Grëff ze kréien", huet hie weider betount.

Donieft huet hien op dat spuenescht Geriichtsurteel verwisen, no deem Migranten, déi iwwer d'Mier kommen, net einfach esou dierfen deportéiert ginn. Déi marokkanesch Regierung hätt Madrid vermëttelt, datt dat Geriichtsurteel fir Problemer suerge wäert – "an et huet fir Problemer gesuergt".

Déi spuenesch Regierung huet där Duerstellung widdersprach. "Ni gouf et iergendwellech Hiweiser, iergendeng Rapporten, déi eis virum Ausmooss vun dësem Virfall gewarnt hätten", sot eng Regierungsspriecherin zu Madrid.

De spuenesche Regierungschef Pedro Sánchez war dovun ausgaangen, datt de Massenundrang vun de Migranten op Falschinformatiounen iwwer d'Urteel an de Sozialen Netzwierker zeréck ze féiere wier, déi vu "Mënschenhändler" gepost gi wieren.

Déi lescht Woch hunn eng 60.000 Leit – deels geschwommen – d'Eklav Ceuta un der marokkanescher Grenz erreecht. Der spuenescher Regierung no koumen 72 Leit beim Versuch, Ceuta z'erreechen, ëm d'Liewen.

Déi grouss Majoritéit vun de Migrante wier spueneschen Informatiounen no awer antëscht zréck a Marokko gaangen. Nëmmen eng 2.500 vun hinne wieren e Méindeg nach an der Exklav gewiescht.

No de Virfäll war spekuléiert ginn, datt Marokko d'Leit vläicht express duerchgelooss hätt – eventuell aus Roserei iwwer eng Visitt vum Sánchez an Algerien.

Marokko an Algerien leien zanter Joerzéngten am Sträit ëm d'Westsahara. Marokko beusprocht d'Regioun fir sech a krut zejoert och d'Réckendeckung vum UN-Sécherheetsrot, wärend Algerien d'Onofhängegkeetsbeweegung Frente Polisario ënnerstëtzt.

2022 hat Spuenien seng laangjäreg Neutralitéit an der Westsahara-Fro opginn a sech beim Theema hanner Marokko gestallt. Dowéinst kéint déi rezent Visitt vum Sánchez an Algerien der marokkanescher Regierung opgestouss sinn.

Back to Top
CIM LOGO