KubaAutoritéiten erschéisse véier Persounen op Motorboot, Regierung schwätzt vun Infiltratioun

AFP, iwwersat vun RTL
Kubanesch Zaldoten hu 4 Persounen op engem, an den USA ugemellte Motorboot erschoss. Dës sollen als éischt geschoss hunn.
E Schëff vun de kubanesche Garde-côten am Hafe vun Havannah
E Schëff vun de kubanesche Garde-côten am Hafe vun Havannah
© ADALBERTO ROQUE/AFP

Dernieft wiere 6 Persoune blesséiert a festgeholl ginn. Déi meescht wieren de kubaneschen Autoritéite bekannt gewiescht a si hätten deementspriechend eng kriminell Vergaangenheet. Hinne gëtt elo Terrorismus reprochéiert. D’Regierung schwätzt an deem Kontext vum Versuch vun enger “Infiltratioun”.

U Bord wieren och Waffen, Molotowcocktailen, Tarn- a kugelsécher Weste fonnt ginn. Bei den insgesamt 10 Persounen u Bord soll et sech ëm Kubaner handelen, déi alleguer an den USA wunnen. Och u Land wier e Mann festgeholl ginn, deen a Relatioun mat de Leit um Boot steet.

Vun US-amerikanescher Säit heescht et, et géif een nach weider Informatioune sammelen. Et wéilt een d’Konklusiounen net op d’Aussoe vun der kubanescher Regierung stëtzen, esou den US-Ausseminister Marco Rubio. D’Relatiounen tëscht den USA an dem kommunistesche Kuba sinn extreem ugespaant.

Back to Top
CIM LOGO