Prisongsstrofe fir zwee fréier DeputéiertHannermänner vu Mord u brasilianescher Politikerin verurteelt

AFP, iwwersat vun RTL
Bal aacht Joer nom Mord un der brasilianescher Kommunalpolitikerin an Aktivistin Marielle Franco sinn déi zwee Hannermänner vum Verbriechen zu laange Prisongsstrofe verurteelt ginn.
Fast acht Jahre nach dem Mord an der brasilianischen Kommunalpolitikerin und Aktivistin Marielle Franco sind die beiden mutmaßlichen Auftraggeber zu langen Haftstrafen verurteilt worden. Bei den Verurteilten handelt es sich um frühere Abgeordnete.
Am Alter vun 38 Joer war d’Kommunalpolitikerin Marielle Franco 2018, zesumme mat hirem Chauffer, zu Rio de Janeiro erschoss ginn.
© Rio de Janeiro Municipal Chamber/AFP/Archiv

Dat Iewescht Geriicht vum Land zu Brasilia huet e Mëttwoch Prisongsstrofe geschwat vu jeeweils 76 Joer géint déi fréier Deputéiert a Bridder Chiquinho an Domingos Brazão wéinst zweefachem Mord, Mordversuch a Memberschaft an enger arméierter krimineller Organisatioun.

De Mord un der Franco an hirem Chauffer hat a Brasilien an international fir Opreegung gesuergt. Déi lénksgeriicht afrobrasilianesch Fraerechtlerin a Schäffe war de 14. Mäerz 2018 erschoss ginn, wéi si mam Auto an der Géigend vum Zentrum zu Rio de Janeiro ënnerwee war. Den Auto war vu Kugelen duerchlächert ginn, eng Assistentin vun der Politikerin hat d’Attack iwwerlieft.

Dat Iewescht Geriicht huet d’Brazão-Bridder fir schëlleg gesprach, de Mord ordonéiert ze hunn. De Chiquinho Brazão war fréier am brasilianesche Bundesparlament, säi Brudder am Parlament vum Bundesstaat Rio de Janeiro.

Déi iewescht Riichter koumen zu der Conclusioun, datt d’Franco ëmbruecht gouf, well si sech géint d’Pläng gedréint hat, Grondbesëtz, deen illegal vu Milizen iwwerholl gouf, nodréiglech ze legaliséieren. D’Brazão-Bridder “haten net just Kontakt zu der Miliz. Si waren d’Miliz”, huet de Virsëtzende Riichter Alexandre de Moraes erkläert.

Déi illegal Milizen zu Rio hunn hiren Ursprong a sougenannte Selbstverdeedegungsgruppen, déi viru véier Joerzéngte vu fréiere Polizisten an anere fréiere Sécherheetsleit zum Schutz vu Quartiere virun Drogebande gegrënnt gi waren. Aus dëse Gruppen hu sech mächteg kriminell Organisatiounen entwéckelt, déi als Konkurrente vun den Drogebanden ëffentlech Terrainen an hire Besëtz bruecht, Awunner erpresst a vun hirer Vernetzung mat politesche Kreesser profitéiert hunn.

D’Riichter hunn am Scholdsproch och de “Rassismus” an d’"Fraefeindlechkeet” vun den zwee Verurteelten ervirgehuewen. De Moraes huet d’Franco als eng “aarm Fra, eng schwaarz Fra” bezeechent, “déi et gewot huet, sech den Interessie vun de Miliz-Memberen, de Männer an de Wäissen entgéintzestellen”. Déi am Alter vun 38 Joer ermort Franco war an enger Favela, engem Aarmequartier, vu Rio opgewuess.

Schonn am Oktober 2024 hat e Jury zu Rio zwee Männer, déi de Mord un der Franco an hirem Chauffer ausgefouert haten, zu héije Prisongsstrofe verurteelt. De Ronnie Lessa, dee vun engem Auto aus geschoss hat, war zu 78 Joer an néng Méint verurteelt ginn. Säi Kompliz Elcio Queiroz, deen hannert dem Steier souz, krut eng Strof vun 59 Joer an aacht Méint. Béid si fréier Militärpolizisten an haten d’Dot zouginn.

Back to Top
CIM LOGO