Brandkatastroph zu Crans-MontanaSchwäizer Regierung bezilt all Affer ëmgerechent 55.000 Euro

AFP, iwwersat vun RTL
E schwaachen Trouscht: Wie bei der Brandkatastroph zu Crans-Montana blesséiert gouf, kritt 50.000 Schwäizer Franken Entschiedegung. Och Hannerbliwwener kréien déi Zomm ausbezuelt.
Blumme fir d'Affer virun der Bar "Le Constellation" zu Crans-Montana an der Schwäiz.
Blumme fir d’Affer virun der Bar “Le Constellation” zu Crans-Montana an der Schwäiz.
© AFP

All Affer vun der vun der Brandkatastroph an der Bar “Le Constellation” zu Crans-Montana soll vun der Regierung 50.000 Franken, knapp 55.000 Euro, Entschiedegung kréien. Déi sougenannte “Solidaritéitszomm” soll den Affer séier finanziell Ënnerstëtzung bidden an als Gest vum Matgefill déngen, wéi de Schwäizer Bundesrot erkläert.

D’Sue sollen eemoleg ausbezuelt ginn a grondsätzlech fir all Persoun gëllen, déi hiert Liewe verluer huet, a fir all Persoun, déi an d’Spidol ageliwwert gouf, heescht et weider an engem Schreiwes vum Bundesrot. “De Bundesrot deelt mat den Affer an hire Familljen de Wonsch no Wouerecht a Gerechtegkeet”, sot de Bundespresident Guy Parmelin op enger Pressekonferenz. “Och mir wëlle wëssen, wat geschitt ass, firwat a wéi et hätt kënne verhënnert ginn.”

Am Ganze wäert d’Regierung 7,8 Millioune Franken, knapp 8,6 Milliounen Euro, fir 156 Persoune bereetstellen, déi am stäerkste vum Brand betraff wieren, sot de Justizminister Beat Jans op der Pressekonferenz. Dës Zomm, sot hien, géing d’Hëllef ergänzen, déi vum Kanton Wallis geleescht géing ginn, deen 10 Millioune Franken un eng Stëftung fir d’Ënnerstëtzung vun den Affer zougesot huet.

Donieft huet de Bundesrot eng Table ronde annoncéiert, fir Affer, Assureuren an Autoritéiten aussergeriichtlech Eenegungen z’erméiglechen an esou laangwiereg Prozesser viru Geriicht ze vermeiden. De Rot plangt, bis zu 20 Millioune Franken, knapp 22 Milliounen Euro, fir esou Eenegunge bereet ze stellen.


Liest dozou och nach:

Back to Top
CIM LOGO