Demokratesch Republik KongoZuel vun Ebola-Doudege klëmmt op bal 1.000

AFP, iwwersat vun RTL
D'Zuel vu confirméierten Doudesfäll duerch Ebola ass der Weltgesondheetsorganisatioun WHO no op bal 1.000 geklommen.
© BADRU KATUMBA/AFP

Wéi d'WHO ënner Beruffung op d'Autoritéite mellt, wiere vun insgesamt 2.473 noweislech Infizéierten 999 un der héichustiechender Krankheet gestuerwen. Am Nopeschland Uganda géifen et bis ewell 20 confirméiert Infektiounsfäll ginn, zwou Persoune si gestuerwen. Ma och hei géif et sech bei de Fäll ëm kongoleesesch Staatsbierger handelen, déi an den Uganda agereest sinn. Nei Fäll gouf et am Uganda zanter dräi Woche keng méi.

An der DR Kongo si fënnef Provënze vum Ebola-Ausbroch betraff. E konzentréiert sech besonnesch op d'Provënz Ituri, an där sech arméiert Gruppe bekämpfen. Wéinst der Aarmut an der Gewalt géif d'Andämme vum Ausbroch zu Ituri "enorm Ressourcë" fuerderen, esou d'Trish Newport vu Médecins sans Frontières géigeniwwer AFP. Verschidden Ebola-Doudeger géife vun hire Familljen ouni Schutzmoossname begruewe ginn, wouduerch d'Ausbreedung vum Virus acceleréiere géif. "Een eenzegen Doudesfall kann zu bis zu 17 Iwwerdrounge féieren", esou d'Newport weider.

Back to Top
CIM LOGO