Police deelt matOp d'mannst dräi Doudeger duerch Schëss bei der Space Needle zu Seattle

RTL Lëtzebuerg
Detailer iwwert de Virfall huet d'Police vun der Groussstad nach net matgedeelt.
© JUAN MABROMATA/AFP

Bei Schëss, net wäit vun der weltbekannter Space Needle an der US-Groussstad Seattle sinn op d'mannst dräi Mënschen ëm d'Liewe komm, véier Persoune goufe blesséiert, esou den aktuelle Stand. Dat mellen ënnert anerem NBC News a CNN. Et hätt Schëss am Seattle Center ginn, deelt d'Police e Sonndeg mat. Ënnert de Blesséierte soll och e Kand sinn, heescht et säitens enger Spriecherin vum Spidol, an dat déi Blesséiert koumen. D'Kand an eng Fra géifen am Moment operéiert ginn. Och en 23 Joer ale Mann an eng 39 Joer al Fra goufen ageliwwert.

D'Buergermeeschtesch vun der Stad, d'Katie Wilson, huet bekanntginn, dass nom Virfall eng Persoun festgeholl gouf. Kuerz virdru war nach vun zwee Verdächtege rieds gaangen, déi festgeholl goufen. Si huet der Police no der Dot Merci fir den Asaz gesot.

De Seattle Center ass e Kultur- an Event-Quartier ronderëm dem bekannte Space Needle, dat jo d'architektonescht Symbol vun der Stad am Nordweste vun den USA ass. D'Schëss wiere wärend dem Gastronomie-Festival "Bites of Seattle" gefall.

Op d'mannst dräi Doudeger duerch Schëss bei der Space Needle zu Seattle
Detailer iwwert de Virfall huet d'Police vun der Groussstad nach net matgedeelt.

Back to Top
CIM LOGO