
D'Weltraum-Firma vum Elon Musk gëtt vun dësem Freideg un op der Technologie-Bourse Nasdaq kotéiert an et dierft mat 86 Milliarden Dollar de bis ewell gréisste Gang op d'Bourse sinn, deen et jeemools gouf.
De fixéierte Präis vun enger Aktie virun der Ouverture vum Marché läit bei 135 Dollar, sou datt SpaceX domat ronn 1,8 Billiounen Dollar - also eng 1.800 Milliarden Dollar - wäert wär.
Den Elon Musk, deen eng ganze Partie SpaceX-Aktië selwer besëtzt, gëtt dann e Freideg de Mëtteg zäitgläich och den éischte Billionär vun der Welt.