
A Groussbritannien huet e Méindeg d'Sessioun fir d'Ukënnegung vum Strofmooss géint de Besëtzer vun engem Pompes funèbres zu Hull ugefaangen. De Mann soll dosende Läichen a Regaler gelagert hunn, amplaz se, wéi dat ofgemaach war, ze verbrennen an anzeäscheren. Schonn am Abrëll hat den 48 Joer ale Mann sech an dosenden Uklo-Punkte schëlleg bekannt, dorënner Déifstall a Bedruch. Hie riskéiert an de Prisong ze kommen.
D'Police hat an engem Killraum sengem Institut am Ganzen 31 Läichen entdeckt, déi Méint virdru schonn hätte misse verbannt gi sinn. Dorënner waren och déi stierflech Iwwerreschter vun engem zwee Joer ale Kand, dat schonn zënter zwee Joer do louchen. Dobäi kommen och nach iwwer 100 Urne mat den Äschen vu Verstuerwenen.
"Op béide Säite vum Raum louche Läichen op Regaler", sou de Minister Chris Paxton virum Hull Crown Courst an Nordoste vun England. "D'Majoritéit vun de Läiche war net zougedeckt an hu sech an ënnerschiddlechen Etappe vun der Verweesung befonnt", sou de Paxton weider.
Als Grond fir den illegalen Ëmgang mat de Läichen huet de Beschëllegte finanziell Schwieregkeeten uginn, en hätt Schold vu ronn 90.000 Pond gehat, well "d'Leit net ëmmer bezuelt hunn". De Parquet bezweiwelt dës Aussoen allerdéngs staark.