Selenskyj an NetanyahuDen ukrainesche President an den israeelesche Premier ginn zu Washington empfaangen

Céline Eischen
Den US-President Trump huet déi zwee Politiker um selwechten Dag fir Gespréicher invitéiert.
Déi allgemeng Beléiftheet vun den USA fält
Déi allgemeng Beléiftheet vun den USA fält
© ALEX WONG/Getty Images via AFP

Den ukrainesche President Selenskyi gëtt um Dënschdeg am Wäissen Haus zu Washington DC erwaart: Geplangt si Gespréicher mam President Trump. D'Situatioun am Ukrain-Krich gëtt ëmmer méi ugespaant: Russland an d'Ukrain hunn hir Rakéitenugrëff eropgeschrauft, dogéint sinn déi diplomatesch Efforte vun den USA fir eng Léisung den Ament geréng.

De Selenskyj ass dëser Deeg vill ënnerwee, fir weider Ënnerstëtzungen ze kréien, dat och well Russland nees kritesch Energie-Infrastrukturen attackéiert, déi awer besonnesch am Wanter wichteg wäerte sinn. An der Nuecht op en Dënschdeg si bei russesche Loftugrëff am Oste vun der Ukrain 7 Leit ëm d'Liewe komm. Och op russescher Säit gouf et een Doudegen, wéi ukrainesch Dronen ee Bürosgebai attackéiert hunn. Nach e Méindeg war den ukrainesche President zu London beim neie Brittesche Premier Burnham op Besuch, de Selenskyj war deen éischte Staatschef mat deem de Burnham Gespréicher a senger neier Funktioun hat, diskutéiert gouf iwwer nei Dronen, Rakéiten an Ofwiersystemer.

Netanyahu och fir Gespréicher zu Washington

Nieft dem ukrainesche President Selenskyj ass dann och den israeelesche Premier Netanyahu um Dënschdeg am Oval Office op Besuch: Et ass déi éischte Kéier, datt den Donald Trump an de Benjamin Netanyahu sech zanter dem Ufank vum Krich am Noen Oste gesinn, dee jo fir vill Tensiounen tëscht béiden Alliéierte gesuergt huet. Israel huet a ville Punkten eng méi aggressiv Haltung am Krich géint den Iran a virun allem géint de Libanon, déi och vum Donald Trump kritiséiert ginn ass. Béid Politiker stinn och wéinst Walen ënner Drock: An Israel gëtt am Hierscht gewielt, eng gutt Relatioun mat den USA ass dofir fir den Netanyahu wichteg. En Vue vun de Midterms steet den amerikanesche President dann och ënner Drock: De Krich am Iran ass an der Populatioun ëmmer méi onbeléift. Nëmmen nach een Drëttel vun den US-Biergerinnen a Bierger ënnerstëtzen de Krich. Zanter dem Waffestëllstand am Abrëll waren d'Bombardementer an de leschten zwou Wochen am Iran nees méi heefeg ginn. Den amerikanesche President huet awer e Méindeg annoncéiert, datt een nees eng Paus géing maachen, fir eventuell Gespréicher mat Teheran opzehuelen. D'Pëtrolspräisser sinn doropshin e Méindeg den owend nees gefall.

Back to Top
CIM LOGO