
Wéi den däitsche Spiegel mellt, gouf de Police-bekannte presuméierten Täter Abdul B. nach um Dag vum Uschlag, also e Samschden, vun de Sécherheetsautoritéiten iwwerwaacht an ofgelauschtert.
Den Abdul B. war jo als potenzielle Gefäerder aklasséiert ginn, dat well e virbestrooft war an och versicht hat, sech der Terrormiliz IS unzeschléissen. Datt d'Dot trotzdeem net verhënnert ginn ass, gëtt natierlech vu ville Säite bei eisen Däitsche Noperen kritiséiert.
Den Inneminister Dobrindt huet zum Beispill elo ugekënnegt, datt mat Foussfesselen a präventive Prisongsstrofen méi haart géint esou Gefäerder soll virgaange ginn.