No Annulatioun vu 746 Milliounen Euro StrofCNPD an EU-Dateschutzautoritéiten huelen neien Ulaf géint Amazon

François Aulner
D’CNPD ass amgaange mat den anere 26 EU-Dateschutzkommissounen eng nei Decisioun am Zesummenhang mat Amazon ze huelen.
© AFP Symbolbild

Dat huet eis d’Presidentin vun der CNPD Tine A. Larsen en Donneschdeg de Moien hei op RTL nom Interview als Invitée vun der Redaktioun confirméiert.

D’Verwaltungsgeriicht hat am Mäerz an zweeter Instanz d’Amende vu 746 Milliounen Euro, déi d’CNPD géint den US-Online-Händler decidéiert hat annuléiert.

D’Tine A. Larsen huet erkläert, datt d’Decisioun vun der CNPD vun 2021 duerch en anert Urteel vum EU-Geriichtshaff zwee Joer drop réckwierkend beaflosst gouf, mee d’Feeler vun Amazon net a Fro gestallt sinn. An zwar Verstéiss géint d’europäescht Dateschutzreglement beim Gebrauch vu perséinlech Donnéeën, fir Publicitéiten op Utilisateuren zouzeschneiden.

D’CNPD géing elo op zwee prozedurale Punkte schaffen: Éischtens, wou et drëm geet, d’Noléissegkeet oder Intentioun vun Amazon nozeweisen an zweetens, fir d’Proportionalitéit vun de "Mesures correctives" a vun der Amende ze klären.

Et wier awer nach ze fréi, fir ze soen, wéini eng Decisioun getraff gëtt a wourop et erausleeft.

Back to Top
CIM LOGO