
An Nordkorea ass d'Zuel vun den Hiriichtunge wärend der Corona-Pandemie staark geklommen, sou eng Etüd vun der südkoreanescher Mënscherechtsorganisatioun "Organisation Transitional Justice Working Group". Heiranner ass ze liesen, dass tëscht 2020 an 2025 méi wéi duebel sou vill Leit zum Doud verurteelt an exekutéiert goufen, wéi nach déi fënnef Joer virdrun.
D'Organisatioun huet fir dës Etüd ënnert anerem Aussoen vun honnerten aus Nordkorea geflüchte Leit verschafft. Am Ganze goufen Transitional Justice Working Group no 144 bekannte Fäll vun Hiriichtungen an Doudesstrofen ënnersicht, déi am ganze iwwert 100 Leit betraff hunn. Ronn dräi Véierel vun den Persoune goufen deemno ëffentlech higeriicht, meeschtens mat Hëllef vu Schosswaffen.
Aus der Etüd geet ervir, dass d'Zuel vun den Hiriichtungen virun allem wéinst dem Konsum vun auslännescher Kultur a wéinst politesche Grënn geklommen ass. Ënnert anerem gëtt zënter 2020 d'Doudesstrof verstäerkt wéinst Konsum vu südkoreanesche Filmer, Serien a Musek ausgeschwat.