IndonesienOp d'mannst 14 Doudeger a 84 Blesséierter no Kollisioun tëschent zwee Zich

RTL mat AFP
An der Nuecht op en Dënschdeg koum et an der Géigend vun Jakarta zu engem uergen Zuchaccident.
© YASUYOSHI CHIBA/AFP

Der staatlecher Eisebunnsentreprise KAI no sinn op d'mannst 14 Leit ëm d'Liewe komm, nodeems zwee Zich aneneegerannt sinn. Uganks goung nach vu 7 Doudege rieds. 84 Persounen hu missen hospitaliséiert ginn.

Wéi et zur Ursaach vum Ongléck heescht, hätt en Taxi bei enger Barriär ee vun den Zich gesträift. Dëse wier du stoe bliwwen a vun engem zweeten Zuch erfaasst ginn. Vun de Secouristen heescht et, datt vill Leit an de Waggonen ageklemmt gewiescht wieren. D'Rettungsaktioun hätt ronn 12 Stonne gedauert, et géif een entretemps net méi dovunner ausgoen, nach weider Doudesaffer ze fannen. D'Zeenen op der Gare wärend de Rettungs- an Opraumaarbechte goufe vun Aenzeien als chaotesch beschriwwen.

An Indonesien kënnt et ëmmer nees zu Verkéiersaccidenter. Bussen, Zich a Fligere sinn dacks al an a kengem gudden Zoustand. 2015 koum et bei enger Barriär zu Jakarta zu engem Accident mat 16 Doudegen, wéi en Zuch mat engem Minibus kollidéiert war. Véier Doudeger a ronn zwou Dose Blesséierter gouf et dann och am Januar 2024 bei engem Zuchaccident an der Provënz Westjava.

Back to Top
CIM LOGO