
Offiziell ass zwar nach näischt, mä et gëtt wéi et schéngt eng nei Propositioun aus dem Iran un d'USA. Dës geséich vir, dass d'Strooss vun Hormus nees normal soll fir den internationale Schëff-Verkéier opgoen an déi géigesäiteg Attacken ophalen. Iwwert den iraneschen Atomprogramm kéint dann zu engem spéideren Ament verhandelt ginn, dat mellen op alle Fall US-Medien.
De Wall Street Journal an d'New York Times schreiwen awer och, dass den Donald Trump domat net zefridde wier. Hie géif weider fuerderen, dass de Regime zu Teheran den US-Amerikaner de sämtlechen ugeräicherten Uran gëtt, an dass formell op de Besëtz vun Atomwaffe verzicht gëtt.
Den iraneschen Atomprogramm ass en Dënschdeg iwwerdeems och Thema zu New York bei der UNO, wou den Atomwaffe-Spär-Vertrag op der Agenda steet.