
D'Europaparlament zu Stroossbuerg stëmmt en Dënschdeg um 12 Auer iwwert neie Reegelen of, déi de Schutz vun Hënn a Kazen virgesinn. Déiere mat qualvollen äusserleche Charakteristiken, wéi beispillsweis eng ze flaach Schnuff oder kuerz Been, sollen dem neien Text no net méi weider geziicht dierfe ginn, Inzucht tëscht Déieren déi en direkte Lien hunn, soll streng verbuede sinn.
D'Gesetz gesäit deemno och eng Chip-Flicht fir all Hënn a Kaze vir, fir déi Ziichter, Déierenasyler oder privat Leit da selwer verantwortlech sinn. Dësen Chip soll Informatiounen zum Alter, dem Geschlecht an der Hierkonft vum Déier verroden. Fir privat Proprietäre gëllt eng Iwwergangsfrist vun 10 Joer fir Hënn a 15 Joer fir Kazen.
D'EU wëll mat dëse méi strenge Reegele virun allem géint den illegalen Handel mat Déiere virgoen.