Nordrhein-WestfalenPolice duerchsicht bei Grouss-Razzia géint Hells Angels 50 Raimlechkeeten

AFP, iwwersat vun RTL
Am Kader vun dëse Mesurë wier de Veräin "Hells Angels Motorcycle Club Leverkusen" verbueden an opgeléist ginn.
28 April 2026, North Rhine-Westphalia, Hilden: Police officers search the Hells Angels clubhouse in Hilden. Police in North Rhine-Westphalia carry out a large-scale raid against the rocker group.
© CHRISTOPH REICHWEIN/dpa Picture-Alliance via AFP

Am däitsche Bundesland Nordrhein-Westfalen huet d'Police mat enger grousser Razzia en Dënschdeg de Rockergrupp Hells Angels an d'Viséiert geholl. Engem Spriecher vum Inneministère no hunn eng 1.200 Beamten en Dënschdeg de Moie fréi iwwer 50 Objeten duerchsicht. Am Kader vun dëse Mesurë wier de Veräin "Hells Angels Motorcycle Club Leverkusen" verbueden an opgeléist ginn.

Et handelt sech dem Inneministère no handelt et sech bei der Aktioun ëm de gréissen Asaz géint d'Rocker-Kriminalitéit an der Geschicht vun Nordrhein-Westfalen. Duerchsicht goufe Wunnengen a Geschäfter vu Veräinsmemberen an Ënnerstëtzer. Grondlag fir de Verbuet vum Veräin an d'Razzia vun en Dënschdeg wieren deemno d'Resultater vu Ermëttlungen, déi den Ament nach lafen. De Beschëllegten gëtt den Ermëttlungen no ënnert anerem d'Bildung vun enger krimineller Vereenegung zur Laascht geluecht.

Back to Top
CIM LOGO