
Däitschland bereet sech op d’Schnéifront mat Stuerm a Glëtz vir. En Donneschdeg den Owend kéint et dem Däitsche Wiederdéngscht no a villen Deeler vum Land zu geféierlechen Nidderschléi kommen, virun allem am Norden an am Nordoste vum Land. E Freideg ginn dann och op deene Plaze bis zu 20 Zentimeter Neischnéi erwaart, esou wéi och vill Loft. Schonn dësen Donneschdeg hat dëst wanterlecht Wieder grouss Deeler vun eisen Noperen am Grëff: Laangstreckenzich vun der Däitscher Bunn sinn ausgefall an och soss koum et am ëffentlechen Schinnentransport respektiv op de Stroossen zu diversen Ausfäll wéinst Behënnerungen oder glate Stroosseverhältnisser.
Schonn déi leschten Deeg koum et zu massivem Schnéi am Norde vun Däitschland. Och dowéinst hunn ënner anerem Hamburg, Bremen an Niedersachsen decidéiert, datt d’Presenz an de Schoulen e Freideg net obligatoresch ass. Den Hamburger Senat esou wéi de Verband vun de Pompjeeën aus Schleswig-Holstein hunn d’Populatioun opgeruff, wa si d’Méiglechkeet hunn, e Freideg doheem ze bleiwen.
An engem Interview mat der Welt huet den däitsche Verkéiersminister Patrick Schnieder mam Bléck op de Schnéi, deen erofkënnt, an dem Glatäis, dat kann entstoen, de Bierger geroden, e Freideg “op alles ze verzichten, wat net onbedéngt néideg ass”. E Grond, fir a Panik ze verfalen, wier dëst awer net. Et géif genuch Indicen dofir ginn, “datt et a verschiddene Beräicher wierklech ganz geféierlech kéint ginn”, esou den CDU-Minister. “Dat sollt ee wëssen an et dowéinst och net op déi liicht Schëller huelen, awer et sollt een eben och net iwwerdriwwe reagéieren”.
Schonn en Donneschdeg hunn d’Stree- an d’Raumdéngschter a ganz Däitschland op Héichtoure geschafft, trotzdeem koum et op ville Plazen zu Problemer op de Stroossen. Zu Hamburg zum Beispill sinn och d’S- an d’U-Bahnen deels ausgefall a vill Busser konnten hir Strecken net offueren. Ma och am Regionalverkéier koum et am Norde vun Däitschland zu Problemer.
Ma och op de Stroosse war d’Situatioun geféierlech an et koum zu villen Accidenter, verschiddener dann och mat déidleche Suitten. An Niedersachsen hat e Mann op glater Strooss d’Kontroll iwwer säin Auto verluer a war dowéinst an e Bam gerannt an a Baden-Württemberg war e 86 Joer ale Mann vum Streewon iwwerrannt ginn.
Grond fir dat aktuellt Wieder am Norde vun Däitschland ass de Stuermdéif “Elli”, dat mat enger Waarmfront aus dem Südwesten eropzitt an dowéinst Schnéi a Reen matbréngt. En Donneschdeg ass op ville Plazen am Norden nach mat liichtem Schnéi ze rechnen, am Süden dann awer éischter mat Reen oder Glëtz. E Freideg gëtt et da méi stiermesch a virun allem am Norden an am Oste erwaarden d’Meteorologen da massive Schnéi, bis zu 20 Zentimeter, an der Kombinatioun mat staarke Loftstéiss a Stuerm. Aus Hamburg huet et schonn en Donneschdeg geheescht, datt et do esou vill geschneit hätt, wéi an de leschte 15 Joer net méi. Zanter Deeg sinn hei schonn 360 Ween a 730 Mataarbechter am Asaz, fir d’Stroosse propper ze kréien.
Ma och an anere Bundeslänner lafe Preparatiounen. Aus Berlin a Rostock heescht et, datt een d’Zooen zouléisst. Berlin, Mecklenburg-Vorpommern a Brandenburg hunn d’Elteren opgeruff, hir Kanner e Freideg doheem ze loossen. Hessen huet d’Bierger opgeruff, just dann den Auto ze notzen, wann et net anescht geet. Köln huet dann der Populatioun geroden, sech virun Äscht, déi vun de Beem kéinte briechen, esou wéi virum Stuerm an dem Glatäis an Uecht ze huelen. D’Leit sollen dann och Parken a Bëscher evitéieren.
D’Deutsche Bahn réit hire Clienten, e Freideg op Laangstreckereesen ze verzichten. Et goufen och schonn éischt Annulatioune bekannt gemaach. Op anere Strecken, wéi där tëscht Köln a Frankfurt, gouf d’Vitess limitéiert. Leit, déi awer schonn Tickete fir e Freideg, Samschdeg oder Sonndeg geholl hunn, mussen net méi déi Zich huelen, déi si reservéiert hunn. Dës Obligatioun huet d’Bunn gestrach. Fir d’Clienten am Norde war et den Opruff, op all Faart, déi net muss sinn, ze verzichten.
Vill Stied bei eisen Noperen hunn dann och annoncéiert, datt ee wéinst den Temperaturen ënner 0 Grad an dem ville Schnéi, deen erwaart gëtt, speziell Mesurë fir d’Sans-abrie géif huelen. Bis ewell wieren an Däitschland dëse Wanter scho véier Sans-abrie erfruer, heescht et vun der Bundesarbeitsgemeinschaft Wohnungslosenhilfe, déi mam Bléck op déi annoncéiert Wiedersituatioun déi nächsten Deeg vu “Liewensgefor” fir Leit ouni Daach iwwert dem Kapp schwätzt
Fir Lëtzebuerg huet d’MeteoLux eng Alerte Jaune fir en Donneschdeg a Freideg erausginn.