
De Libanon kënnt net zur Rou. Bei enger Attack am Süde vum Land sinn e Samschdeg dräi libaneesesch Zaldoten ëm d'Liewe komm. Déi israeelesch Attack hat e Militärgefier viséiert. Ma och déi israeelesch Arméi mellt zwee Doudeger.
De President vum Libanon huet d'Attack als eng flagrant Violatioun vun der Souveränitéit vu sengem Land an dem internationale Recht verurteelt. Doduerch géif een d'Verhandlungen, déi aktuell zu Washington lafen, stéieren.
Déi israeelesch Arméi schwätzt iwwerdeems vun engem Gefier, dat op eng verdächteg Aart e Weis a Richtung vun israeeleschen Zaldote gefuer ass. Dat an enger Géigend an där aktuell gekämpft gëtt an déi pro-iranesch Hisbollah-Miliz aktiv ass.