
Den Iran-Krich an d'Fermeture vun der Strooss vun Hormus hu weiderhin e groussen Impakt op d'Pëtrolspräisser. De Präis fir de Barrel Brent ass en Donneschdeg de Moie mat Momenter op iwwer 125 Dollar geklommen. Dat war den héchsten Niveau zënter véier Joer. Hannergrond si Spekulatiounen iwwer en eventuellt Enn vun der Wafferou tëscht den USA an dem Iran.
D'Situatioun am Noen Osten dreift och generell d'Präisdeierecht an Europa an d'Luucht. An der Eurozon ass d'Inflatioun op 3,0 Prozent geklommen. Am Februar louch den Taux nach bei 1,9 Prozent. Den Haaptgrond sinn och hei natierlech d'Energiepräisser.