
Ee Verdächtege gouf der jiddescher Organisatioun Shomrim no nom Ugrëff e Mëttwoch festgeholl. De Londoner Buergermeeschter Sadiq Khan an de Regierungschef Keir Starmer hunn de "veruechtenswäerten Ugrëff" am nërdleche Staddeel Golders Green verurteelt. Zu London hat et an de leschte Wochen eng ganz Serie vun Ugrëff op Synagogen a jiddesch Ariichtunge ginn. D'Police nennt et elo och offiziell eng terroristesch Attack.
De Mann, dee mat engem Messer arméiert war, wier festgeholl ginn, "wou e probéiert huet, jiddesch Mënschen nidderzestiechen", esou Shomrim. Déi Blesséiert goufen deemno vum jüddesche Rettungsdéngscht Hatzola betreit.
"Ugrëff op eis jiddesch Communautéit sinn Ugrëff op Groussbritannien", esou de Premierminister Keir Starmer am Onlinedéngscht X. Déi Verantwortlech géifen zur Verantwortung gezu ginn. De Londoner Buergermeeschter Khan huet vun enger Serie vu "schockéierenden antisemitteschen Ugrëff" op déi jiddesch Communautéit an der brittescher Haaptstad. "Et däerf an der Gesellschaft absolutt kee Raum fir Antisemitismus ginn", huet hie betount.
Den israeeleschen Ausseministère huet déi brittesch Regierung opgefuerdert, "entscheedend an dréngend" géint den Antisemitismus virzegoen, dee sech a Groussbritannien géif ausbreeden. No enger Rei Ugrëff op Synagogen a jiddesch Ariichtunge kéint d'Regierung "net méi behaapten, si hätten d'Situatioun am Grëff". Ëffentlech Erklärunge vum Premier géifen net duergoen, huet de Ministère betount.
Zanter dem Ufank vum Iran-Krich duerch Ugrëff vun den USA an Israel Enn Februar gouf et zu London eng ganz Rei vu gréisstendeels Brandstëftung géint Synagogen an aner Jiddesch oder israeelesch Ariichtungen. 26 Verdächteger goufen am Kader vun der Ugrëffsserie bis ewell festgeholl.
Vill Ugrëff huet déi virdru gréisstendeels onbekannte Grupp Harakat Aschab al-Jamin al-Islamija (Islamesch Beweegung vum Vollek vun der Rietser Hand, Hayi) fir sech revendiquéiert, déi, wéi et schéngt, mam Iran a Verbindung steet.