Global Sumud Flotilla 2026Israeelesch Marinn interceptéiert 21 Booter, Lëtzebuerger Resident u Bord

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Lëtzebuerger Kommitee vun der Global Sumud Flotilla matdeelt, goufen an der Nuecht op en Donneschdeg 21 Booter vun der pro-palästinensescher Hëllefsflott an internationale Gewässer vun Israel interceptéiert.
© AFP

21 vun den iwwer 50 Booter vun der Global Sumud Flotilla goufe vun den israeeleschen Autoritéiten interceptéiert. U Bord vun engem vun den interceptéierte Booter wier och e 37 Joer ale Lëtzebuerger Resident, confirméiert d'Lëtzebuerger Filial vum globale Mouvement fir Gaza a schwätzt vu "Kidnapping".

D'Aktioun vun Israel wier westlech vu Kreta an internationale Gewässer geschitt an domat illegal. 31 Booter konnten zeréck op griicheschen Territoire fueren, do mat u Bord wier eng zweet Persoun vu Lëtzebuerg. Ee Boot wier sabotéiert an zeréckgelooss ginn, obwuel sech e Stuerm ugekënnegt hat. Trotz SOS-Signaler wieren déi griichesch Autoritéiten net intervenéiert, sou d'Aktivisten.

En Donneschden de Mëtteg war an deem Sënn e Solidaritéitsrassemblement um Krautmaart.

Déi Gréng Deputéiert Sam Tanson huet iwwerdeems eng urgent parlamentaresch Fro un de liberalen Ausseminister Xavier Bettel gestallt. Si wëll ënner anerem wëssen, wat fir Demarchen d'Regierung gedenkt ze ënnerhuelen, fir Lëtzebuerger Ressortissanten ze schützen.

Liest hei d'Schreiwes vu Global Sumud Luxembourg

Back to Top
CIM LOGO