JordanienDe Statut vu Refugiéen am Land bleift weider eng komplex Affär

RTL Lëtzebuerg
A Jordanien liewen iwwer 2 Millioune registréiert Refugiéen aus Palestina.
© RTL Archiv

Zanter 1948 konnten der vill déi jordanesch Nationalitéit unhuelen, ma dat gëllt awer net fir jiddereen. De Statut vun dëse Leit bleift weiderhi komplex.

Dowéinst këmmert sech d’UN-Hëllefswierk am Noen Osten eben ëm déi palestinensesch Refugiéen. Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’UNRWA, déi ënnert anerem Schoulen an der Regioun leet. De Kooperatiounsminister war sech d’Aarbecht vun der UNRWA op der Plaz ukucken.

“Ech wëll gären Iwwersetzerin oder Léierin ginn, well ech hu gären vill verschidde Vocabulaire. An ech géing et flott fannen, Kanner ze ënnerriichten.” D’Rama Jarrar ass 15 Joer al a geet an eng vun den 161 Schoulen, déi d’UNRWA a Jordanien huet. Am Amman New Camp kënne palestinensesch Schüler a Schülerinnen an d’Schoul goen. Dem Rama seng Mamm enseignéiert och hei.

D’UNRWA leet vill wäert dorop, de palestinensesche Kanner eng gutt Bildung unzebidden. De Schoulsystem ass dee nämmlechte wéi am Rescht vu Jordanien, donieft spillen awer och d’Mënscherechter an de Schoule vun der UN-Agence eng grouss Roll.

Wéinst der Pandemie gouf awer bis virun 2 Wochen nach vun doheem geléiert: “Ech si frou meng Frënn erëm ze gesinn. An elo kënne mir och erëm nei Leit kenneléieren. Virun allem no bal 2 Joer online Coursen, sinn ech wierklech frou, erëm hei ze sinn.”

Den Huthefa Nasrallah huet och 15 Joer a wëll spéider Fierschter ginn. Léiere vun doheem huet hie virun allem schwéier fonnt, well d’Internetverbindung am Camp net ëmmer gutt ass an hien den Tablett mat senge Geschwëster huet missen deelen.

Dass d’Schoulen a Jordanien esou laang zou waren, huet elo gravéierend Konsequenze fir d’Kanner. Der UNRWA no gouf et méi Kanneraarbecht, wéi d’Schoulen zou waren, virun allem méi arem Famillje sinn dovunner betraff.

Besonnesch palestinensesch Refugiéen, déi net déi jordanesch Nationalitéit konnte kréien, sinn dacks vun Aarmut betraff. Och dowéinst huet d’UNRWA e Projet op d’Been gestallt, fir klenge Betriber mat Mikrokreditter kënnen ze hëllefen.

Dovunner huet och d’Nancy Ozglu profitéiert. Hir gehéiert am Zentrum vun Amman e klenge Souvenir-Buttek: “Ech krut 2019 schonn e klenge Kredit, mee dee kann ech elo net zeréck bezuelen. Well ech de Buttek wéinst dem Lockdown a Jordanien hu missen zou maachen. Mee si hunn eis gehollef an d’Payementer gestoppt. De Buttek war ee Joer laang zou.”

D’Nancy Ozglu hat scho virun 10 Joer e Kredit opgeholl, deen sou ouni Problemer zeréckbezuelt huet. Elo awer géingen d’Touriste feelen an am Wanter géing de Buttek souwisou schonn net sou gutt lafen.

Nieft der Bildung an de Mikrokreditter garantéiert d’UNRWA fir d’Palestinenser am Noen Osten och de Gesondheetssystem.

D’ Partenariat tëscht Lëtzebuerg an der UNRWA deen elo fir déi nächst dräi Joer erneiert gouf, gesäit och d’Ënnerstëtzung vun engem Gesondheetsprojet am Gaza fir.

Op der Visitt a Jordanien krut de Minister och d’Fonctionement vun engem Santészenter am Amman New Camp gewisen. D’Palestinenser hu nämlech dacks wéinst hirem Statut a Jordanien och net dee nämmlechten Accès zum Gesondheetssystem.

Back to Top
CIM LOGO