Pakistan féiert den Ament en oppene Krich mam Afghanistan400 Leit solle bei Attack op e Spidol zu Kabul gestuerwe sinn, sou de Reproche vun den Taliban

Andy Brücker
Wärend d'Opmierksamkeet weltwäit op de Konflikt mam Iran geet, eskaléiert och d'Situatioun an der Regioun.
© WAKIL KOHSAR/AFP

Pakistan seet, datt et mëttlerweil an engem “oppene Krich” mat Afghanistan steet. Elo soll et e schwéieren Ugrëff op eng Klinik ginn hunn.

D’pakistanescht Militär huet Ziler zu Kabul ugegraff. Engem Taliban‑Spriecher no wiere bei engem Treffer op eng Entzuchsklinik fir Drogepatiente ronn 400 Mënschen ëm d’Liewe komm, an 250 weiderer verletzt. Pakistan dementéiert dat a seet, et hätt ee geziilt militäresch Ariichtungen an Terror‑Infrastrukturen attackéiert an dobäi probéiert, keng Zivilisten ze treffen.

D’Klinik soll iwwer 2.000 Better hunn. Den UN‑Mënscherechtsrapporteur huet sech “erféiert” iwwer déi héich Zuel un Zivilaffer gewisen. Afghanesch Tëlee‑Biller hunn no den Attacken e grousst Feier, Dampwolleken a Rettungsaarbechten an zerstéierte Gebaier gewisen.

Back to Top
CIM LOGO