Op d'mannst fënnef DoudegerDéidlechen "Äerdrutsch" um gréissten Dreckstipp vun der Welt an Indonesien

RTL mat AFP
Den Dreckstipp gëtt net just fir d'Oflagere vu Knascht benotzt, ma vill Leit sichen hei Géigestänn, déi si nach kënne verkafen.

Net wäit vun der indoneesescher Stad Jakarta si fënnef Leit ëm d’Liewe komm, wéi et um gréissten Dreckstipp op der Welt zu engem Äerdrutsch koum. De Rettungsekippen no ginn nach ëmmer véier Persoune vermësst.

Dausenden Tonnen Dreck kommen all Dag um Tipp Bantargebang dobäi. Der UN no ass Jakarta déi Stad op der Welt, wou déi meeschte Leit liewen. Geschat liewen an an ëm d’Stad ronn 42 Millioune Leit.

An an der Peripherie vun dëser Stad leit eben och déi gréissten Deponie vun der Welt. Ma hei gëtt net just Dreck gelagert a vernicht. Vill Leit liewen dovunner, um Tipp nach Saachen ze fannen, déi se dono verkafe kënnen. Den Drecksbierg, dee gerutscht ass, war der Noriichtenagence Antara no op d’mannst 50 Meter héich. Rettungsekippe sinn am Asaz, fir no de Vermëssten ze sichen.

Wat de Grond fir dës Tragedie ass, ass nach onkloer. Ma et ass net aussergewéinlech, datt déi grouss Bierger aus Dreck un d’Rutsche kommen, wann et reent.

Back to Top
CIM LOGO