Virun enger Synagog zu Léck an der Belsch ass et an der Nuecht op e Méindeg zu enger Explosioun komm. Blesséiert gi wier der Police no keen, et géing “nëmme materiell Schied” ginn. De Grond fir d’Explosioun muss nach ermëttelt ginn. De Buergermeeschter vu Léck huet vun enger “antisemittescher Dot” geschwat.
D’Detonatioun wier géint véier Auer an der Nuecht geschitt, heescht et weider vun der Police vu Léck. E puer Fënsterscheiwe vun de Gebaier géigeniwwer wieren zersprongen. De Beräich ëm d’Synagog gouf ofgespaart. De belsche Parquet huet eegenen Informatiounen no d’Ermëttlungen iwwerholl, wollt sech awer nach net zu engem méigleche Motiv äusseren.
De Buergermeeschter Willy Demeyer huet d’Explosioun schaarf verurteelt. Si wier “geziilt” virun der Synagog geschitt, sot hien dem Sender RTBF. “Mir wëllen an der Stad keng importéiert Konflikter, déi eigentlech enzwousch anescht solle sinn”, betount hie mat Bléck op den Iran-Krich.
D’Synagog zu Léck gouf 1899 gebaut, am Gebai gëtt et e Musée fir déi jiddesch Communautéit an der Stad.