Nodeems e Sonndeg e Feier an der Gare an der schottescher Stad Glagow ausgebrach war, war d'Gebai deel an de Koup gefall. Nom Brand koum et e Méindeg zu Perturbatiounen am Zuchtrafic. Wéinst der Fermeture vun der Gare sinn Dosende Verbindungen ausgefall. D'Stéierunge géinge viraussiichtlech bis zum Schluss vum Méindeg daueren, heescht et vun der schottescher Bunn "National Rail".
Dem Sender BBC no war d'Feier e Sonndeg de Mëtteg an engem Buttek fir E-Zigaretten um Rez-de-chaussée ausgebrach. Blesséierter goufe keng gemellt.