
Den Demokrat Scott Colom wäert als éischte Schwaarzen zanter 140 Joer - also zanter den 1880er Joren - de südlechen US-Bundesstaat Mississippi am amerikanesche Senat vertrieden.
40 Joer laang huet dat am Mississippi keen Demokrat et méi gepackt. No de Midterms huet misse laang ausgezielt ginn. Elo huet déi republikanesch Géigekandidatin Cindy Hyde-Smith hir Defaite zouginn. CNN no koum de Colom no der Auszielung vun 99 Prozent vun de Stëmmen op 49,2 Prozent. DHyde-Smith koum dogéint just op 48,7 Prozent.
D’Demokraten hunn elo 55 Sëtz am Senat an e weidere Bundesstaat gewonnen, deen u sech eng Héichbuerg vun de Republikaner ass. Méi wéi een Drëttel vun der Populatioun am Mississippi ass schwaarz. Fir eng Victoire huet de Colom also och misse wäiss Wieler iwwerzeegen.
An enger feierlecher Ried huet de Colom e Mëttwoch den Owend zu Jackson déi laang Geschicht vum schwaarzem Aktivismus am Mississippi gewierdegt. "Eis Gebieder hu sech am Laf vun der Geschicht verännert", esou de Colom zu sengen Supporter. "Gott wollt net, datt mir eng liicht Victoire gewannen. Hie wollt, dat mir et op Mississippi Aart a Weis maachen."
Am Senat hunn d'Demokraten elo deemno just nach 44 Sëtz. Am Bundesstaat Alaska ass d'Decisioun nach net gefall - hei muss nach fäerdeg ausgezielt ginn.