Virale Video vum Arlington NationalkierfechtGard rifft den US-Verdeedegungsminister Hegseth zu méi Respekt op

AFP
Een Arméisgard um Kierfecht geet den Ament viral, well hien de Verdeedegungsminister a seng Delegatioun no haardem Laachen op d'Plaz gesat huet.
Wegen Gelächters auf dem Nationalfriedhof Arlington am Veteranentag hat ein Mitglied des US-Militärs Verteidigungsminister Pete Hegseth und seine Begleiter lautstark zurechtgewiesen.
Den US-Verdeedegungsminister Pete Hegseth steet no de Midterms den Ament esou wéi sou schonn ënner Drock.
© AFP

Een haart Laachen an eng direkt Reaktioun: een Arméisgard huet den US-Verdeedegungsminister Hegseth virum Graf vum Onbekannten Zaldot zurechtgewisen.

"All Visiteure behalen zu all Moment eng Atmosphär vun der Stëll a vum Respekt", huet de Gard vun der US-Arméi an engem Video geruff, deen e Mëttwoch an den US-Chaînen an Online d'Ronn gemaach huet. Virdru war am Video een haart Laachen aus der Grupp ronderëm de Pentagon-Chef ze héiere gewiescht.

Den Hegseth a seng Delegatioun hate sech fir Fotoe ronderëm d'Graf vum Onbekannten Zaldot versammelt. CNN no waren an der Grupp ausserdeem nach dem Minister seng Fra Jennifer an eng Rei héichrangeg Beroder, dorënner de Stabschef Ricky Buria, de Vize-Stabschef Patrick Weaver an d'Beroderin Tami Radabaugh. Virdrun hat den US-President Donald Trump zu Arlington fir de Veteranendag virun Zaldoten, Veteranen a a féierende Vertrieder vu senger Regierung geschwat.

Gard rifft den US-Verdeedegungsminister Hegseth zu méi Respekt op
Een Arméisgard um Kierfecht geet den Ament viral, well hien de Verdeedegungsminister a seng Delegatioun no haardem Laachen op d'Plaz gesat huet.

D'Graf vum Onbekannten Zaldot ass eng wichteg Gedenkplaz fir US-Zaldoten, déi am Koreakrich an am Éischten an am Zweete Weltkrich gestuerwe sinn. En huet ausserdeem een eidelt Graf, zu Éiere vu vermëssten Zaldoten.

De Pentagon-Chef Sean Parnell sot der Chaîne NBC News, datt den Hegseth an de Ministère d'Affer vun den Zaldoten "ëmmer gewierdegt" hätten. "Wärend mir dëse feierlechen Datum gefeiert hunn, huet en Zaldot all zu Recht a respektvoll dorunner erënnert, sech richteg ze verhalen", sot de Parnell.

D'Demokraten an der Oppositioun hunn direkt op de Fauxpas vum Verdeedegungsminister op esou engem wichtegen Dag fir d'US-Militär reagéiert. "De Pete Hegseth beweist erëm eng Kéier, datt hie fir säin Amt komplett ongëeegent ass", esou d'Demokratin am Kongress Gwen Moore op X. "Een Dag, nodeems hie just knapps laanscht een Amtsentheebungsverfare koum, huet hie seng Veruechtung fir eis Zaldoten an Zaldotinne gewisen, andeems hien d'Hellegkeet vum Graf vum Onbekannten Zaldot mëssuecht huet."

D'Amtsentheebungsverfare géint den Hegseth war den Dag virdru fir d'éischt emol gescheitert. Am Representantenhaus, an deem bis ewell nach d'Republikaner vum President Trump d'Majoritéit hunn, hunn d'Deputéiert en Dënschdeg mat 211 zu 204 Stëmmen dofir votéiert, d'Demande vum Republikaner Thomas Massie fir ee Start vum Amtsentheebungsverfaren un de Justizauschoss ze verweisen. Den Hegseth ass nom schlechten Ofschneide vun de Republikaner an de Midterms virun allem wéinst sengem onbeléiften Iran-Krich massiv ënner Drock.

Back to Top
CIM LOGO