Zanter 1952 ass den Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg. Déi éischt puer Joer an der Villa Vauban an zanter 1972 um Kierchbierg. 1989 koum den Tribunal dobäi. Mëttlerweil goufen et Decisiounen an iwwer 45.000 Affären.
Um fënnt een engersäits de Geriichtshaff selwer, anerersäits och den Tribunal. Um Geriichtshaff schaffe 27 Riichter, aus all Memberstaat een, 11 Avocats généraux an ee Greffier. Um Tribunal sinn et 54 Riichter an ee Greffier. Dobäi kommen iwwer 2.300 Mataarbechter. Bei den Tribunal kann een als Bierger, Betrib oder Staat direkt goen, wann ee vun enger Decisioun vun enger europäescher Organisatioun betraff ass. Bei de Geriichtshaff kann een net direkt goen. Europäescht Recht steet allerdéngs iwwert nationalem Recht. Wann en nationale Riichter net sécher ass, wéi d’Europäescht Recht an enger spezifescher Affär z’applizéieren ass, kann en den Europäesche Geriichtshaff mat der Fro befaassen. Riichter fir Lëtzebuerg ass et zanter 2013 de fréiere Justizminister François Biltgen. D’Europäescht Recht géing ëmmer méi applizéiert ginn, och an de méi neie Memberstaaten:
“Mir stelle fest, opgrond vun där Zuel vu sougenannte Vorabentscheidungsverfahren, also wou den nationale Riichter eis seet: ‘ech hunn e Fall, wou et méi wichteg ass, dass ech weess, wéi d’Europäescht Recht ugewannt ass, stelle mer fest, well et där ëmmer méi gëtt, dass och d’Europäescht Recht ëmmer méi fir den nationale Riichter ugewannt gëtt. Mir hunn vun deene ronn 850 Affären am Joer, hu mer da bal 600, déi esou Froe sinn, vun den nationale Riichter.”
Wéinst dem Europäesche Geriichtshaff musse Fraen zum Beispill iwwerall kënnen am aktive Militärdéngscht schaffen. De Geriichtshaff war ëm de Joerdausend-Wiessel mat der Fro befaasst, nodeems déi däitsch Elektronikerin Tanja Kreil geklot huet, well si sech net fir e Posten als Waffenelektronikerin melle konnt. Vill Affäre wieren haut am Beräich vun der Wirtschaft, sou de François Biltgen, wat historesch gewuess wier, ma et hätt een och ëmmer méi Fäll déi mam Fräiraum vun der Justiz, Sécherheet a Fräiheet ze dinn hunn.
Serie EU-Institutiounen (Deel 1): Wat ass a wat mécht d’Europäesch Kommissioun?
Serie EU-Institutiounen (Deel 2): Firwat si kaum Lëtzebuerger am Generalsekretariat vum EU-Parlament?