Serie EU-Institutiounen (Deel 1)Wat ass a wat mécht d'Europäesch Kommissioun?

Tim Morizet
Am Virfeld vun de Wale fir d'Europäescht Parlament am Juni beliichte mer déi verschidden Aufgabe vun de verschiddenen Organer vun der Europäescher Unioun.
Wat ass a wat mécht d'Europäesch Kommissioun?
Am Virfeld vun de Wale fir Europäesch Parlament am Juni gi mer duerch déi verschidden Aufgabe vun de verschiddenen Organer vun der Europäescher Unioun.

Iwwerall an der Europäescher Unioun bereede sech d‘Wieler drop vir, tëscht dem 6. a 9. Juni hir Stëmm fir d‘Opstellung vum zukünftegen Europaparlament ofzeginn. Déi generell niddereg Walbedeelegung léist sech op d‘Komplexitéit vun den Ofleef zu Bréissel zeréckféieren. Eng wichteg Etapp hei iwwerhëlt déi Europäesch Kommissioun.

Wat ass d‘Europäesch Kommissioun?

D‘Europäesch Kommissioun ass dat politesch onofhängegt Exekutivorgan vun der Europäescher Unioun. Se proposéiert nei europäesch Gesetzer a sëtzt Decisioune vum Europäesche Parlament a vum EU-Rot ëm. D‘Kommissioun garantéiert, souzesoen, datt den “daily business” fonctionéiert.

Zu Bréissel, Lëtzebuerg a ronderëm d‘Welt Doheem

D‘Kommissioun gouf 1958 gegrënnt an huet hire Sëtzt zu Bréissel am Europavéierel am Berlaymont-Gebai. Vill vun de Büroe sinn awer och zu Lëtzebuerg.

D‘Kommissioun gëtt vun engem President an engem Team vu 27 Kommissäre geleet. All Memberland stellt säi Kommissär. D‘Kommissäre begéine sech all Woch, fir iwwert déi wichtegst Theme vun der Woch ze diskutéieren. Dobäi dierf de Kommissär theoretesch net d’Interessie vu sengem Heemechtsland vertrieden. Am Virfeld gouf heizou en Eed ofgeluecht.

D‘Kommissäre ginn net direkt gewielt, mä vum EU-Rot op Basis vu Propositioune vun de lokale Regierungen nominéiert. D‘Nominatioune mussen da vum Europäesche Parlament confirméiert ginn.

32.000 Mataarbechter weltwäit

D‘Europäesch Kommissioun ass mat ronn 32.000 Mataarbechter de gréisste Betrib vun den EU-Institutiounen. Zwee Drëttel vun hinne schaffen zu Bréissel. Knapp 4.000 Leit schaffen zu Lëtzebuerg.

Woufir ass d‘Kommissioun zoustänneg?

D‘Europäesch Kommissioun ass dofir zoustänneg, nei EU-Reglementatiounen ze proposéieren. D‘Zil ass et, de Schutz vun den Interessie vun der Unioun an hire Bierger ze garantéieren. Dës Propositioune ginn dann am Parlament zu Stroossbuerg respektiv am EU-Rot debattéiert a gestëmmt. Fir dës Gesetzestexter opzestellen, gëtt sech mat Experten aus de Secteuren, Lobbyisten, awer och mat den europäesche Bierger ausgetosch.

D‘Kommissioun ass zesumme mam Europäesche Geriichtshaff fir d‘Anhale vun dëse Gesetzer an d’Duerchsetze vum EU-Recht an de Memberlänner zoustänneg. Vill Aarbecht leeft also institutiounsiwwergräifend.

Wie kritt wat a virun allem: wéi vill?

Nieft all dësen Tâche geréiert d‘Kommissioun och den annuellen EU-Budget a verdeelt Gelder, an Ofsprooch mam EU-Parlament an EU-Rot, u verschidde Länner a Secteuren fir, datt d‘EU-Politik och kann ëmgesat gëtt. D‘Kommissioun kontrolléiert och, datt dës Gelder do agesat goufen, wou se sollten. D’Kommissioun selwer gëtt dobäi vum Europäesche Rechnungshaff kontrolléiert.

D‘EU-Kommissioun vertrëtt d‘EU och op internationalem Niveau. Se schwätzt am Numm vun alle Memberlänner bei de Sujeten Handel an humanitär Hëllef.

Wien ass zoustänneg?

Un der Spëtzt vun der Europäescher Kommissioun steet e President respektiv eng Presidentin. Dëse leet en Team u Kommissären. All Kommissär kritt e Ressort zougewisen. De President kann, wann néideg, och dës Kommissären entloossen. De Kommissiounspresident huet als Roll, d‘EU am Ausland ze vertrieden. Dëse Poste gëtt aktuell vun der däitscher CDU-Politikerin Ursula vun der Leyen besat. Si gehéiert zur europäescher EVP, der Mëtt-Riets-Fraktioun am EU-Parlament.

De President gëtt vum Europäesche Parlament no der EU-Wal gewielt. Déi Deputéiert aus dem Parlament mussen de Presidenteposte mat enger absolutter Majoritéit stëmmen. Also 50% +1. Kënnt et net zu enger Majoritéit, hunn d‘Memberlänner ee Mount Zäit, fir en anere Kandidat ze proposéieren.

Zanter 2014 gëtt et de Prinzip vum Spëtzekandidat bei deem all europäesch politesch Partei virun de Parlamentswalen hiren eegene Spëtzekandidat nominéiert. Fir déi europäesch Sozialisten ass dat dëst Joer de Lëtzebuerger Nicolas Schmit. Hien ass och aktuell Kommissär fir d‘Beschäftegung, sozial Aufgaben a Chancëgläichheet.

Kommissioun proposéiert Gesetzer – ka se awer net selwer stëmmen

D‘Kommissioun huet als Haaptaufgab, nei Gesetzer ze proposéieren. Si kann dës awer net selwer stëmmen. Dat geschitt bei den Deputéierten am Europäesche Parlament an duerch déi, fir dat jeeweilegt Politikfeld zoustänneg Minister vun de Memberstaaten am EU-Ministerrot. Fir, datt e Gesetz ka gestëmmt ginn, ass eng Majoritéit a béiden Institutiounen néideg.

Déi politesch Vertrieder am Ministerrot a Parlament decidéieren Amendementer, déi da vun der Kommissioun an déi nei Gesetzesproposen agebaut ginn.

D‘Kommissioun vertrëtt d‘EU och bei internationalen Handelsofkommes. Si verhandelt am Numm vun alle Memberlänner, mä dës mussen nodréiglech nach ëmmer hir Zoustëmmung ginn. D‘Memberlänner kënnen dës Ofkommen also nach ëmmer blockéieren.

Kënnt et also zu Onzefriddenheeten oder Skandaler, kann d‘Parlament d‘Kommissioun och entloossen. Dat koum bis ewell awer nach net fir. 1999 ass d‘Santer-Kommissioun ënnert dem President Jacques Santer wéinst Korruptiounsvirwërf zeréckgetrueden, éier d‘Parlament de Récktrëtt erzwénge konnt.

Back to Top
CIM LOGO