
Den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi huet der iranescher Staatstëlee no Gespréicher mam Oman a mat Saudi-Arabien iwwert d'Strooss vun Hormus gefouert. Den Araghtschi an de Chefdiplomat vum Oman, de Badr al-Busaidi, sou wéi den Ausseminister vu Saudi-Arabien, de Faisal bin Farhan hätten an deem Kader mateneen telefonéiert.
A getrennten Telefonsgespréicher gouf "d'Noutwendegkeet betount, "d'Zesummenaarbecht ze stäerken a gemeinsam diplomatesch Beméiungen virun ze dreiwen, fir Stabilitéit an der Regioun hierzestellen an d'Onsécherheet aus dem Wee ze schafen, déi duerch dat aggressiivt Handelen vun den USA an der Strooss vun Hormus provozéiert gëtt", sou d'Staatstëlee en Dënschdeg.
No enger kuerzzäiteger Entspanung hat den Iran d'Strooss vun Hormus rezent nees zou gemaach. D'USA verhänken doropshin nees eng Blockad un iraneschen Häfen.