
En Donneschdeg huet de Banksy op senger Instagram-Säit ee Video publizéiert, an deem gewise gëtt, wéi d'Statu opgeriicht gouf. Eng Spriecherin fir de Kënschtler huet matgedeelt, d'Wierk wier e Mëttwoch de Moien op seng aktuell Plaz bruecht ginn.
Déi e puer Meter héich Statu op der Mëttelsträif vun der Haaptstrooss Pall Mall weist ee Mann, deen an der rietser Hand ee Fändel hält, dee säi Gesiicht verdeckt. Hie schéngt iwwerdeems blann vun der Plattform an den Ofgrond ze marschéieren. Op dem Sockel ass dem Banksy seng Signatur ze gesinn.
"Et gouf do nach e bësse Plaz", esou d'Spriecherin zum Standort matten op enger Verkéiersinsel. Dem Banksy säi Video hält op mat engem Extrait, deen ee Mann weist, deen d'Statu ukuckt a seet: "Nee, ech hu se net gär."
Virun der Statu hu sech eng ganz Rei Leit versammelt, déi ee Bléck drop geheie wollten. "Mir froen eis, wéi hien et nëmme gepackt huet, dës Statu quasi direkt nieft dem Buckingham Palace opzeriichten", esou de Konschtstudent Ollie Isaac engem Journalist vun der Noriichtenagence AFP géigeniwwer. Mat der Statu géif hien "d'Neesopkomme vum Nationalismus op der ganzer Welt an an dësem Land" verbannen.
Net wäit fort gëtt et eng sëllege Statuen, dorënner vum Kinnek Edward VII. a vun der Florence Nightingale, déi als Grënnerin vun der moderner medezinescher Fleeg gëllt. An der Shaftesbury Avenue net wäit fort war schonn 2004 ee Wierk vum Banksy opgedaucht, dat awer kuerz drop geklaut gouf.
De Kënschtler aus Bristol suergt mat senge Street-Art-Konschtwierker ëmmer nees fir Opmierksamkeet. Seng Wierker gi fir Zommen a Milliounenhéicht gehandelt. Iwwer d'Identitéit vum Kënschtler gëtt zanter Jore spekuléiert, ma hien hält sech aus der Ëffentlechkeet eraus.