
Besonnesch a Südeuropa, Nordamerika an der nërdlecher Hemisphär goufen zanter Ufank Juli extreem Hëtztwelle registréiert. A Griicheland gëtt zanter enger Woch probéiert, d’Bränn ënner Kontroll ze bréngen. Ma staarke Wand, laang Hëtztwellen an Dréchent verstäerken d’Feieren. Op der Insel Rhodos hunn antëscht zéngdausende Mënsche missten evakuéiert ginn. Op Biller vun der Europäescher Weltraumorganisatioun (ESA), déi am Kader vun der Missioun Copernicus Sentinel 2 opgeholl goufen, ass däitlech z’erkennen, wéi sech d’Flamen a Richtung Küst beweegen a sech Dampwolleken entwéckelen.

D’Satellitten, wéi se vun der ESA an der EU am Copernicus-Programm agesat ginn, si besonnesch nëtzlech, well se Donnéeën op globalem Niveau a kontrolléierten Ofstänn liwweren. Nieft dem Virdeel, datt d’Satellitte schwéier zougänglech Plazen iwwerwaache kënnen, moosse si d’Temperatur vun der Äerduewerfläch, déi dacks méi héich si wéi d’Lofttemperatur, wéi de Wëssenschaftler Clément Albergel vum “ESA Climate Office” zu London erkläert.
“Sentinel 3 par exemple possède d’un instrument, un radiomètre, qui permet de mesurer la température de surface. Alors attention: il ne s’agit pas de la température de l’air au sens météorologique du terme tel que celle que vous trouvez dans le bulletin météorologique. Il s’agit de la quantité réelle d’énergie rayonnante de la terre qui indique la température réelle de la surface terrestre. Alors bien entendu les températures élevées de l’air se reflètent dans les valeurs de température de la surface terrestre en fonction du type de couvert, de sa couleur, des conditions météorologiques comme le vent, la couverture nuageuse.”
Extreem Hëtztwellen, bei deenen d’Temperaturen esoulaang hannerteneen ongewéinlech héich sinn, begënschtegen den Ausbroch vu Bränn. Och hei erméiglechen et d’Satellitte vun der ESA d’Entwécklung vu Bränn aus dem Weltraum aus z’iwwerwaachen a festzestellen, a wéi enge Gebidder et e Risk fir Bëschbränn gëtt. Den “European Forest Fire Information System” (EFFIS) liwwert dofir déi rezentst Informatiounen iwwer aktuell Bëschbränn an Europa an dem Mëttelmierraum. Dat ënnert anerem iwwer deeglech aktualiséiert Kaarten iwwer Gebidder, an deenen et brennt oder gebrannt huet, souwéi Wiederprevisiounen iwwer de Risk vu Bëschfeieren.
“Les observations de la terre depuis l’espace permettent de faire du suivi du risque et elles peuvent être combinées avec des informations météorologiques pour faire de la prévision du risque et toutes ces informations peuvent être utilisées en complément des moyens au sol et des moyens aériens pour aider à la prise de décision. Les pompiers utilisent ce type d’information.”
D’Erkenne vun de Bränn berout dem Fuerscher vun der ESA no op de physikalesche Prinzippie vun der Wäermt a vun der Luucht. D’Signal vun enger Hausse vun der Temperatur, déi bei Feier entsteet, wier aus dem Weltraum aus zwar relativ liicht ze gesinn, hält awer nëmme kuerz un. D’Verännerung vun der Liichtreflexioun vun der Äerduewerfläch, wéi zum Beispill eng méi donkel Faarf bei verbrannter Vegetatioun, ass net esou däitlech aus dem All z’erkennen, dauert awer méi laang, heiansdo esouguer nach Méint oder Joren no engem Brand.
Esou Hëtztwellen, wéi et se aktuell ginn, sinn dem Clément Albergel no kloer op de Mënsch zréckzeféieren. Wiederphenomener wéi “El Nino” géingen zwar zu der Verstäerkung vun den Hëtztwelle bäidroen, a missten och consideréiert ginn, ma d’Haaptursaach fir de Klimawandel sinn eis Emissiounen an d’Verbrennung vu fossille Brennstoffer. Eréischt d’lescht Woch huet “World Weather Attribution” eng Etüd verëffentlecht, datt Hëtztwellen esou heefeg, intensiv a laang an Europa “onméiglech” wieren, wann et déi “vum Mënsch verursaacht global Erwiermung” net géing ginn. Fir dës extreem Wiederphenomener besser ze verstoen, brauch et Satellitten.
