
All Joers ënnersicht d’Organisatioun net just, wéi eng Artikele vill opgegraff goufen, ma virun allem och, wéi eng Theeme medial keng oder net vill Beuechtung fonnt hunn.
D’Organisatioun Care gouf direkt um Uschloss vum 2. Weltkrich gegrënnt an huet d’Leit an Europa mat hire Päckelcher mat dem Néidegste versuergt - Kaffi, Mëllech, Kleeder an aner Produite fir den alldeegleche gebrauch. Care hëlleft hautdesdaags a ronn 100 Länner Leit, déi vun Aarmut an Honger geplot sinn.
Fir d’Joer 2023 fält Care virun allem eppes an d’A: Afrika schéngt de vergiessene Kontinent ze sinn. An der Organisatioun hirem Ranking vun den 10 Krisen, déi medial am schlechtste representéiert waren, hu sech nämlech allen 10 um afrikanesche Kontinent ofgespillt.
Fir Ënnerstëtzung an Hëllef an déi betraffe Regiounen ze kréien, ass Visibilitéit awer onheemlech wichteg. “Fir Liewen ze retten, brauche mir méi Opmierksamkeet a genuch Mëttel fir humanitär Hëllefen. Am leschte Joer goufen nëmme 35 Prozent vun den néidege finanzielle Mëttel fir déi humanitär Hëllef disponibel gemaach, wat definitiv net duergeet”, esou d’Deepmala Mahla, Direktesch vun der weltwäiter humanitärer Hëllef vu Care.
D’Nummer 1 am Care-Ranking hëlt déi humanitär Kris am Angola an. Eng 7 Millioune Mënsche wieren do net just vun Honger, ma och vun Iwwerschwemmungen an Dréchent betraff, mellt Care. An de weltwäite Medien huet dat awer net vill Opmierksamkeet fonnt. Als Verglach: weltwäit wiere Care no am leschte Joer 273.279 Online-Artikel zum neie Barbie-Film publizéiert ginn. Iwwer d’Kris am Angola hätt et awer just 1.049 Artikel ginn.
De Klimawandel ass de gemeinsame Faktor an de Krisen op der Plaz 2 an der Plaz 3 am Ranking. Am Sambia ware ronn 1,35 Millioune Mënsche vun Honger betraff, wärend am Burundi bal 70.000 Mënschen duerch Iwwerschwemmungen an anere klimabedéngte Katastrophe verdriwwe goufen. Awer och den Honger spillt am Burundi eng Roll. Virun allem Kanner sinn ënnererniert.
De Fréderic Haupert, Direkter vu Care Lëtzebuerg, seet heizou: “De weltwäite Besoin un humanitärer Hëllef war nach ni esou grouss wéi am Joer 2023.” Dat hätt een och an de Medie verfollege kënnen - d’Äerdbiewen a Syrien an an der Tierkei, de Krich an der Ukrain an am Noen Osten hätten d’Noriichten dominéiert. “Vill Krisen an Afrika ginn et allerdéngs scho laang, wat et méi schwéier mécht, iwwert si ze informéieren. Si gi ganz einfach vun aneren Evenementer verdrängt, wärend déi international Berichterstattung méi deier an dacks och méi geféierlech gëtt.”
Déi envisagéiert Zuele fir d’nächst Joer hunn et iwwerdeems a sech. Care geet dovun aus, datt eng 300 Millioune Mënschen humanitär Hëllef brauche wäerten - bal d’Hallschent dovunner an Afrika.
Fir de verstoppte Krise méi Visibilitéit ze ginn, schafft Care Lëtzebuerg schonn zanter dräi Joer mam Ausseministère an dem Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte an engem Projet zesummen, an deem Schüler zu “Humanitäre Korrespondente” ginn. Zesumme mat Experte vu Care ginn d’Schüler da méi iwwert d’Zoustänn op dëse Plaze gewuer a kreéieren zesumme Podcasts, Artikelen a souguer Filmer dozou.