
Als Beleeg dofir haten d’User e Facebook-Kommentar vun der Emissioun “MDR Investigativ” erugezunn. Den MDR hat säi Kommentar allerdéngs scho korrigéiert. Ukrainesch Flüchtlinge gi bei Pensiounen an Däitschland net anescht behandelt.
Op Facebook hunn Honnerten Notzerinnen an Notzer e Screenshot vum Echange tëscht enger Userin an dem ëffentlech-rechtleche Sender Mitteldeutscher Rundfunk verbreet. Op Twitter hunn och méi wéi dausend User dës Behaaptung gedeelt, op Telegram hunn Zéngdausenden Notzerinnen an Notzer se gesinn. Och op WhatsApp gouf d’AFP op d’Behaaptung opmierksam gemaach.
D’Behaaptung: Op der Facebook-Säit vun “MDR Investigativ” hat eng Userin gefrot: “Stëmmt et, dass Ukrainer mat 57 a Pensioun goen an dës elo an DE (Däitschland, Um. v. d. Red.) ufroe kënnen, wann dësen Alter erreecht ass?” Den MDR hat follgendermoossen dorop geäntwert: “Ab dem 1. Juni dierfen ukrainesch Flüchtlinge Sozialleeschtungen an Däitschland ufroen, also och d’Pensioun (bei Fraen 57,5 Joer, bei Männer 60 Joer).” D’Notzer hunn dësen Alter mam Antrëttsalter fir Däitscher verglach a koumen zur Konklusioun, dass Ukrainerinnen an Ukrainer an Däitschland angeeblech méi fréi a Pensioun goen dierften.
Op de gedeelte Biller ass ausserdeem eng Informatioun vum MDR fir d’gratis Notzung vun ëffentleche Verkéiersmëttel duerch Ukrainer an Ukrainerinnen am Ufank vum Krich ze gesinn. Déi meescht Kommentatore ginn awer net am Detail dorop an.

Iwwer Flüchtlingen aus der Ukrain sinn ëmmer nees Falschbehaaptungen am Netz am Ëmlaf. Notzer haten Enn Mäerz 2022 zum Beispill fälschlecherweis behaapt, dass e “Mob vun ukrainesche Flüchtlingen” e 16 Joer ale Jong an Nordrhein-Westfalen ëmbruecht hu soll. Ausserdeem hate User al Opname vun engem Brand mat der Falschbehaaptung verbreet, dës géifen en Haus weisen, dat vun engem ukrainesche Flüchtling a Brand gesat gi wär.
Och déi vun der AFP widderluecht Behaaptung, ukrainesch Refugiéë géife bei der Pensioun eng speziell Behandlung kréien, gehéiert an dës Serie. Deemools hate User, baséierend op enger angeeblecher Uweisung un däitsch Jobcenteren, behaapt, dass Flüchtlingen aus der Ukrain an Däitschland - ouni jee abezuelt ze hunn - scho mat 57 bezéiungsweis 60 Joer eng Pensioun bezéien dierften. Déi angeeblech E-Mail un d’Jobcentere gouf et allerdéngs net, wéi d’Bundesagentur für Arbeit de 16. Mee géintiwwer der AFP confirméiert hat. Och d’Behaaptung, dass ukrainesch Flüchtlinge virun däitsche Matbierger Rentenusproch hätten ass falsch. Aktuell baséieren d’Behaaptungen iwwer d’Bevirdeelegung vun ukrainesche Flüchtlingen op engem Facebook-Kommentar vum MDR.
Am Verlaf vun dëser an Ëmlaf bruechter Falschbehaaptung iwwer de Pensiounsantrëttsalter fir ukrainech Flüchtlingen hat eng Userin ënner engem Bäiträg op der Facebook-Säit vun “MDR Investigativ” nogefrot, ob d’Behaaptung vum Antrëttsalter mat 57 fir Ukrainerinnen an Ukrainer stëmme géif.
Tatsächlech hat d’Facebook-Säit vun “MDR Investigativ” den 11. Mee fir d’éischt feelerhaft geäntwert: “Ab dem 1. Juni dierfen ukrainesch Flüchtlinge Sozialleeschtungen an Däitschland ufroen, also och d’Pensioun (bei Frae 57,5 Joer, Männer 60 Joer).”
An den Detailer iwwer d’Beaarbechtung vum Kommentar ënner dem Post ass allerdéngs ze gesinn, dass den MDR säi Kommentar den 18. Mee korrigéiert hat. Ab dësem Zäitpunkt stoung do: “Ab dem 1. Juni dierfen ukrainesch Flüchtlinge Sozialleeschtungen an Däitschland ufroen.” A weider: “Fir en Usproch op eng Pensioun ze hunn, musse fir d’éischt Bäiträg fir op d’mannst fënnef Joer an den däitsche Pensiounssystem abezuelt ginn.”

Schonn um Dag vum feelerhafte Bäitrag hat “MDR Investigativ” ausserdeem ënner de Kommentar geschriwwen: “Do ass eis e Feeler ënnerlaf, richteg ass awer, dass ukrainesch Pensionäre Grondsécherung a Form vu Sozialhëllef kréien.”
Och ënner aneren änleche Facebook-Kommentarer hat den MDR op de Feeler opmierksam gemaach: “Eng Korrektur vun eis, d’Pensioun, déi de Flüchtlingen aus der Ukrain zousteet, kréie si bei eis net, mee d’Grondsécherung, wéi all ukrainesch Krichsflüchtlingen.” Op AFP-Ufro hat en MDR-Spriecher den 23. Mee 2022 och iwwer Telefon confirméiert: “Dat war e Feeler vun eis, dee mir schnellstméiglech richteggestallt hunn.” Och den Auteur vun engem vun den op Twitter am meeschte verbreete Bäiträg huet an der Tëschenzäit op d’Falschinformatioun higewisen.
D’Deutsche Rentenversicherung (DRV) ass déi gesetzlech Renteversécherung an Däitschland. D’DRV-Spriecherin Gundula Sennewald hat de 16. Mee 2022 op AFP-Ufro geschriwwen: “D’Behaaptung, dass Leit, déi aus der Ukrain geflücht sinn, an Däitschland éischter Pensioun kréien, ouni jee an déi däitsch Renteversécherung abezuelt ze hunn, kënne mir net confirméieren.” Op hirer Internetsäit hat d’DRV och den 20. Mee e Bäitrag iwwer déi gedeelt Behaaptung verëffentlecht. Doran housch et: “Beim Bezuch vun enger däitscher Pensioun gëllt fir Auslänner de selwechten Antrëttsalter wéi fir däitsch Staatsbierger.”
Dat däitscht Sozialgesetzbuch hält d’Viraussetzunge fir en Usproch op Pensioun fest: fënnef Joer contribuéiere souwéi d’Erreeche vun der regulärer Altersgrenz. Jee no Aart vun der Alterspensioun variéiert de gesetzlech virgeschriwwene Pensiounsantrëttsalter der DRV no tëscht 63 a 67 Joer. D’Mindestversécherungszäit kéint der Spriecherin Sennewald no och duerch “Zesummerechne vun däitschen, member- oder vertragsstaatleche Versécherungszäiten erfëllt ginn.”
Och de Spriecher vum däitsche Bundesministerium für Arbeit und Soziales huet d’Behaaptung iwwer eng Bevirdeelegung vun ukrainesche Flüchtlingen dementéiert. Hien hat den 13. Mee 2022 geschriwwen: “Dës Meldung ass falsch. Et besti keng Ausnamen an der gesetzlecher Renteversécherung fir Leit, déi aus der Ukrain geflücht sinn.”
Déi vum MDR ernimmt Sozialleeschtungen ab Juni gouf et awer tatsächlech. Schonn Ufank Abrëll 2022 hate Bund a Länner sech dorop gëeenegt, dass Krichsflüchtlingen ab dem 1. Juni Usproch op Grondsécherung hunn. Domat krute si méi Suen a besseren Zougang zu medezinescher Versuergung a goufe bei de Liewenskäschte wéi unerkannt Asyldemandeure betruecht. Ab dem 1. Juni hate si domat beispillsweis och Usproch op Hartz IV, wa si eng Openthaltsgeneemegung hate souwéi aarbechtsfäeg waren.
Bis dohi krute Flüchtlinge manner Leeschtungen a goufen nom Asylbewerberleistungsgesetz behandelt. D’ONG “Pro Asyl” hat dës Ännerung zwar begréisst, hat awer och kritiséiert, dass aner Flüchtlingen, soulaang hir Demande op Asyl leeft, dem Asylbewerberleistungsgesetz ënnerworf sinn.
Leeschtungen fir d’Sécherung vum Liewensënnerhalt krut een allerdéngs just deen, deen op Hëllef ugewisen ass. “Hëllefsbedierfteg ass, wie säi Liewensënnerhalt net mam eegenen Akommes oder Verméigen decke kann”, hat d’Bundesinnenministerium op senger Internetsäit Germany4Ukraine matgedeelt.
Dës Neireegelung vun der Grondsécherung hat och an der Slowakei zu Falschinformatioune geféiert. User haten do behaapt, dass Däitschland ab dem 1. Juni 2022 Flüchtlingen aus der Ukrain zwénge géif, hiert ganzt Verméigen ze mellen an hir Autoen ze verkafen. D’AFP hat dat iwwerpréift.
D’Notzerin hat “MDR Investigativ” schlussendlech nach gefrot, ob Ukrainerinnen an Ukrainer gratis mat Bus a Bunn fueren dierften. Den MDR hat korrekt geäntwert: “Am Ufank vum Krich duerften Ukrainer hei gratis den ÖPNV notzen. Dat gëllt awer net méi iwwerall.”
Op der Internetsäit Germanyy4Ukraine vum däitschen Inneministère housch et: “Fir d’Arees an Däitschland geet den ukrainesche Pass oder en entspriechend ukrainescht Ausweisdokument duer. Sou kënnt Dir dann an all weidere Regionalzuch klammen, fir un Äert Zil ze kommen.”
Nom Ausbroch vum Krich an der Ukrain haten eng Rëtsch lokal souwéi iwwerregional Verkéiersacteuren d’gratis Notzung vu Bus a Bunn fir Flüchtlingen ageféiert. D’Verkéiersbetriber beispillsweis zu Nürnberg oder Dresden hate sech un der Aktioun bedeelegt. Iwwer 600 Verkéiersentreprisen, déi am Branchëverband Verband Deutscher Verkehrsunternehmen (VDV) organiséiert sinn, hate sech am Mäerz un der gratis Notzung vu Bus a Bunn bedeelegt. De VDV hat den Enn vun dëser Reegelung fir Enn Mee 2022 ugekënnegt. Den “helpukraine"-Ticket vun der Deutschen Bahn (DB) fir d’Arees an Däitschland hat zu dësem Zäitpunkt weiderbestanen.
Fazit: Et gouf kee méi fréien Usproch op Pensioun fir Ukrainerinnen an Ukrainer an Däitschland. Flüchtlinge musse geneesou wéi Däitscher de gesetzlechen Antrëttsalter erreechen an eng Mindestunzuel u Contributiounsjore virweisen. E Facebook-Kommentar vum MDR, deen op eppes Aneres hätt schléisse kënnen, war e Feeler, dee kuerz drop korrigéiert gi war. Dass Flüchtlingen aus der Ukrain zu dësem Zäitpunkt nach gratis Bus an Zuch fueren duerften, war richteg.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
Update der Metadaten