
Wéi aus engem Bericht vun der franséischer Gala-Zeitung ervirgeet, weisen nei Dokumenter am Kader vun der Affär ronderëm de verurteelten US-Investor Jeffrey Epstein, datt d’norwegesch Krounprinzessin Mette-Marit sech no der Hochzäit vum Groussherzog Guillaume a senger Fra Stéphanie de Lannoy am Joer 2012 negativ iwwer dësen Evenement geäussert huet. An enger Email, déi vun enger Adress mam Numm “HKH Kronprinsessen” geschéckt soll gi sinn, huet si sech däitlech ofwäertend iwwert d’Zeremonie ausgedréckt.
“Eng langweileg Hochzäit. Et kéint ee bal mengen, et wier een an engem ale Film, an deem een d’Personnagë kennt an net wëll bleiwen”, sou d’norwegesch Krounprinzessin. Den Epstein huet kuerz drop geäntwert an no hirem Openthalt gefrot.
Déi negativ Email staamt vum 21. Oktober 2012, also vum leschten Dag vun de Feierlechkeete ronderëm d’Bestietnes vum deemolege Prënz Guillaume.
Dës Informatioune goufe public am Kader vun der grousser Unzuel un Dokumenter a Relatioun mam verstuerwenen Epstein, déi den 30. Januar vun den US-Autoritéite verëffentlecht goufen. Dorënner befanne sech och d’Mailen, déi tëscht der Krounprinzessin an dem Epstein ausgetosch goufen.
Nodeems hire Kontakt zum Epstein erauskomm ass, huet d’Mette-Marit Stellung geholl an erkläert, si géif dëst bedaueren an d’Verantwortung dofir iwwerhuelen, seng Vergaangenheet net genuch hannerfrot ze hunn. Gläichzäiteg huet si hir Solidaritéit mat de Mëssbrauchsaffer ausgedréckt.