Claude Meisch am RTL-InterviewD'ADR huet einfach falsch Behaaptungen an d'Welt gesat a punkto Unisex-Toiletten

Annick Goerens
Den Educatiounsminister Claude Meisch war e Méindeg de Moien am RTL-Studio, fir iwwer d'Polemik ronderëm Unisex-Toiletten an de Lycéeën ze schwätzen.
Claude Meisch am RTL-Interview
“Et bleift nach ëmmer eng Jongentoilette. Et bleift nach ëmmer eng Meedercherstoilette. Mee et kënnt eng dobäi”, sou den Educatiounsminister.

De Sujet vun den Unisex-Toiletten ass net vum Himmel gefall komm. D’lescht Joer am Summer wier en nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vun der “LGBTIQ+"-Communautéit hei zu Lëtzebuerg mam Support vun der CSV ugeholl ginn. Doran hätt och scho gestanen, dass ee géing un engem Konzept schaffe fir méi inklusiv Toiletten an de Lycéeën. Dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch e Méindeg de Moien am RTL-Interview zu der Polemik ronderëm Unisex-Toiletten an de Schoulen.

Der CSV ass et “e bësse méi drëms gaangen, fir op enger Well ze surfen”

Den Educatiounsminister géing feststellen, dass et keng inhaltlech Divergenz gëtt tëscht der CSV an der DP.

“Ech mengen et ass hei e bësse méi drëms gaangen, fir op enger Well ze surfen, déi Well vun Entrüstung, wéi Dir gesot hutt [...] Wichteg ass, datt an der inhaltlecher Fro, wat fir eng Toiletten et an der Schoul solle ginn, do si mer eis eens an dat wäerte mer och zesummen ëmsetzen.”

Hie wéilt elo der CSV hir Decisioun net weider kommentéieren, sou de Claude Meisch, mee eng Partei misst och eng Linn hunn, grad wann de Wand mol eng Kéier vu vir bléist. Et géing op alle Fall keng déck Loft elo an der Koalitioun ginn. Den CSV-Deputéierte Ricard Marques, deen an Interviewe gesot huet, d’CSV hätt näischt vun Unisex-Toilettë gewosst, hätt hien och ugeruff a si wiere sech eens, dass et an de Schoule weiderhi soll Jongentoiletten, Meedercherstoiletten an eben och genderneutral Toilette ginn. Dat nämmlecht gëllt fir d’Vestiairen, präziséiert de Claude Meisch. Leider géing een an enger Zäit liewen, wou een net méi mat Rou a Respekt iwwer delikat Sujeten, déi dacks och Minoritéite betreffen, kann diskutéieren. A grad d’Schoul wier eng Plaz, wou Erwuessener misste mam gudde Beispill virgoen.

Hu mer soss keng Problemer?

Online konnt een ganz dacks liesen “hu mer soss keng Problemer?”. “Dach, mer hunn effektiv ganz vill Erausfuerderungen an der Educatioun”, sot de Claude Meisch. Hei géing et awer nu mol och ëm den Eenzele goen. De 15 Joer Jonken, dee sech falsch a sengem Kierper spiert oder ëm Transschüler, fir déi de Gang op d’Toilette e grousse Problem kéint sinn.

“An ech hunn e bëssen e Problem domadder, datt mer eigentlech d’Rechter vu Minoritéiten net méi esou eescht huelen, wéi mer dat vläicht mol gemaach hunn.”

Hie géing och feststellen, dass dat weltwäit elo Usus wier. Eng Gesellschaft géing och hire Charakter weisen am Ëmgang mat Minoritéiten an hiren Erausfuerderungen a Problemer.

Toiletten an der Schoul: keen neie Sujet

Virun e puer Méint waren d’Toiletten am Lycée zu Lalleng e Sujet. Déi waren all zougemaach ginn, bis op eng eenzeg, wéinst Disziplin-Problemer. Et wier wichteg, Toilettë raimlech esou ze gestalten, dass een Diskriminatioun a Mobbing kann evitéieren. An, dass ee Schülerinnen a Schüler ka schützen op der Toilette a vläicht och een Tick méi Intimitéit kann assuréieren.

D’Toilettë wieren als ganze Block zou no baussen, dofir war bis ewell keng Surveillance do méiglech. Awer bannendra wieren d’Kabinnen no uewen hin op an hätten dacks net den néidege Schutz. A wat een elo wéilt maachen, ass een eenzegen Toilettë-Block, egal ob Jongen, Meedercher oder genderneutral, deen no bausse méi opgemaach gëtt, fir dass een héiert, wa bannen eng Kläpperei ass oder eng gréisser Diskussioun. An dem Block géingen et awer eenzel Kabinne ginn, déi vun uewe bis ënnen zou sinn, wéi doheem. Wou ee sech kann aspären a voll Intimitéit hunn. Also dëst wier net nëmmen eng Äntwert op déi Gender-Thematik, mee och eng Äntwert op Gewalt, op Mobbing an op Disziplinproblemer an der Toilette, sou de Claude Meisch.

ADR huet falsch Behaaptungen an d’Welt gesat

Gouf dës Diskussioun ausgeléist duerch “LGBTIQ+"-Thematik? Doriwwer kéint ee just spekuléieren, seet de Claude Meisch. Eenzel Deputéiert vun der ADR hätten einfach falsch Behaaptungen an d’Welt gesat. Hie wier owes heem komm a seng eege Kanner hätten hie vernannt, well se gemengt hätten, elo kéint jiddereen a wat fir eng Toilette och ëmmer an all Schoulgebai goen. Dat wier awer net esou.

“Et bleift nach ëmmer eng Jongentoilette. Et bleift nach ëmmer eng Meedercherstoilette. Mee et kënnt eng dobäi, wou jidderee kann higoen.” Dëst wier elo e Pilotprojet, dee mat villen Acteuren ausgeschafft gouf, an deen eréischt 2032 realiséiert ass. Et wäert een dat elo och just an neie Lycéeën oder groussen neien Extensiounen esou ëmsetzen, erkläert den Educatiounsminister.

Claude Meisch am RTL-Interview iwwer Unisex-Toiletten

Back to Top
CIM LOGO